
Haut fille mir eis, ewéi wa mir an e Fön eragetrëppelt wären, ruffe "Vive de Guy" a sangen de komplette "Body Talk"-Album – lowkey vision. Ee vun eis kritt vläicht eng Kaz oder gëtt bestuet, deen aneren ass eng Seriefigur aus den 2000er.
Nieft ale Mediemänner a séisse Marketingmausis geet et haut nach ëm en Exhibitionist am Bësch, Police-Probleemer wéinst de "Francopholies" an ein Orakel namens Carlo. Mat dobäi sinn och Leit an der Vakanz mat Réckblenden, eng Doku fir net-Schwangerer,an déi bescht Serie aus dem 21. Joerhonnert.
Ewéi all Kéier bleiwen och nees e puer Froen: Ass d'Sprangpressessioun am Fong "Ces soirées-là"? Gëtt et de Klimawandel vläicht wierklech? An hues du se nach all?
Jun 27
1 hr 10 min

Et ass Pride Month an dofir gëtt haut Scheet/d zerwéiert.
Mir sinn NRW fir iech mat an d'Boot vum Puls der Zeit ze huelen!
Et geet haut zwar net em Leni Riefenstahl-Remakes oder "Muriel's Wedding", dofir awer ëm eng Pressekonferenz fir Millennials (Thema: vocal stims), onreguléiert Emotioune bei der Männer-Fussball-WM a MyGuichet.lu-hate.
Tëscht Gebuertsdagskaddoen, Generatiounskonflikter a gehumbleden Egos gëtt vill "gelar" an eng "Obsession" mat "Backrooms" beschwat. Mat dobäi sinn och: Tattoos, memories, Schoethe, kongoleesesch Outfits, de Rucolino, de Colman Domingo an eng nei TikTok-Serie.
Et bleift ze klären: Ass d'Rue am Sonnenënnergang oder an der Hell? Wien sinn d'Ënner Tittel an d'Miss Chievous? A wéi hydratéiert sinn d'Geschlechtsdeeler zu Lëtzebuerg?
Jun 14
1 hr 57 min

Zeréck aus dem prollegen Zürich an aus der Privatklinik sinn d'Heidi an d'Clara aus der Podcastwelt nees fir iech do – natierlech audio only!
Ee vun eis war am "Boy Aquarium", deen aneren am Video vum ING-Marathon.
Tëscht häerzege Serie-Pappen an underrated 90's Girlgroups geet et an dëser Folg ëm den 2. Agenda, de Lavalott an Empörung an der oppener Schwemm.
Vläicht schreiwe mir haut e klengen Text, vläicht léiere mir endlech Bio fäerdeg, mee vläicht recaste mir och einfach d'Sarah Engels als Samantha Jones.
Mir beschwätzen d'Paus.-Kritik vum 100,7, d'"Chicago Bulls" an hirer Prime a Methadon fir "Ted Lasso"-Fans, awer och Frëndschaftstrennungen, Gay Business zu Marrakesch a Mammen, déi hier Kanner am Stach loossen.
Froe ginn och nees gestallt: Ass "Un aller simple" am Fong "L'étranger"? Sinn "11 Freunde" am Fong d'"Kickers"? A stëmmt iwwerhaapt eppes, wat mir zielen?
May 30
2 hr 16 min

Berouegt iech emol alleguer!
Haut gëtt vun ënnen erop geschwat an am selwechte Boot bis zum Muskelkater geruddert. Tëscht Aluhut-Fashion a gekréngeltem Graffiti spille mir Polo an Argentinien, hunn eng faszinéierend Maschinn op eis Wonschlëscht geschriwwen a liesen aus eisem geheime Journal vir.
Et dierf een zwar näischt méi soen, mee Plaz fir psychologesch Studie bleift ëmmer – haut ënner anerem zu den Theme "kleng Veloskapen", "Déifferdeng", "Timmy" an "underrated Spice Girls Lidder".
Et ginn och nees Froe gestallt, ewéi zum Beispill: Wou ass d'Disco hin? Wéi laang kann ee Bio léieren? A wat der Däiwel ass eng Schmëtz?
May 16
1 hr 24 min

Ugestach an opgestëppelt gëtt et haut eng Episod, déi zweemol opgeholl gouf.
Den Hangryman an d'Fra ouni Zäitmanagement hunn hiert Häerz an déi richteg Bunn gelenkt a liwwere one sided beef mam nationale Radio, Kölner (méi oder manner) Promis, e mäerderesche Buchtipp an e Powernap op der Wildwasserbahn.
Den Dresscode ass "Kommioun", mee och "Nuesschnappech an Zwier", d'Theme schwanken tëschent Ragebait a Meenungsfräiheet, mee virun allem geet et ëm Concerten a (Safe)Spaces.
On top ginn et Ehrenfelder Entdeckungen, d'Rettung vun der Lëtzebuerger Kulturzeen an en Touch Diddelenger Rondpoint!
Wat huet d'Fran Fine mat "Der Besuch der alten Dame" gemeinsam? Wisou hu mir kee Meebam kritt? An huet d'Rosalía am Fong en Album iwwer Saumon geschriwwen? All dëst a méi... haut bei Paus.
May 2
1 hr 35 min

Et ass net all Dag Kiermes, och wa Kuch gebak gëtt – är "Witches of Eastwick" sinn haut vreckt am Fréijoer, mee trotzdeem fir iech do!
Wann dës Episod e Film wär, géing en zimmlech sécher "The Fast and the Furious – Tokyo Ofdrift" heeschen. Maacht iech also prett fir Themespréng vu "Coachella" bis Militärmusik. Ënner anerem geet et ëm d'Weltrettung duerch d'Zara Larsson, d'Reallife-"Kimmy Schmidt", gudde College-Schäiss, e super Comeback an unexpected crushes.
Mat dobäi sinn och e skandaléise Vëloswee, Neies vum Epiphanie a ganz vill Choixen: Dekan oder Rektor? "Iron Man" oder "Cuntnbury"-Festival? Kou oder Auto? Dir sidd net prett!
Apr 18
1 hr 24 min

At the end of the day... ass dëse Podcast eng gemeinsam Evolutioun – dat hunn d'lëtzebuergescht Winona Ryder a Julia Roberts an der Ouschter-Episod erausfonnt a ginn dofir eppes un d'Gesellschaft zeréck: déi beschten Hondsnimm, eng sënnvoll Petitioun an Hëllef bei engem laang iwwerfällege Rebranding: Männer! E puer Gudder hu mir och scho mat am Gepäck: den Tino Marino, de Jean Jujarin, den Hugo Gernsback, den Daddy Lilah an de Ryan Gosling (am Weltraum).
Tëscht feelender Selbstreflexioun am Eenzelhandel an engem grandiose Serienfinale gëtt em Liicht am Donkel vum Musiksschoul-Gossip gebueden an iwwer eng skandaléis "Drag Race"-Decisioun geschwat, mee et bleift nach genuch Zäit fir Grondkenntnisser an der Eeërsich (zu Berlin a Folsom) ze vermëttelen an national TikTok-Crushes ze analyséieren.
Wéi ëmmer gëtt och villes hannerfrot: Wat ass "Pacing"? Wat wär an der kierzter Slideshow vun der Welt ze gesinn? Haasst den Timothée Chalamet d'Jill? A wisou geet et hei esou vill em Insekten?
Apr 4
1 hr 30 min

Et ass 5 vir 12 (fir dem Yannick seng Nerven)!
De séisse Poetiker Paco an d'obnoxious Fra am Fliger sinn zwar dout vu bannen, mee trotzdeem do, fir mat iech alles Wichteges aus de leschten zwou Wochen ze beschwätzen – ënner anerem geet et ëm en onproblematesche "Royal Court", e problematesche Promi-Fall, d'Menopause bei de Sopranos an dem Ricky Martin säi Chihuahua.
Et werfen sech nees pertinent Froen op, ewéi zum Beispill: Kënnen Englänner*innen automatesch Franséisch? Wien ass d'Rosalia vu Lëtzebuerg? A wisou si ganz vill Männer op eemol juristesch Experten (UNSCHULDSVERMUTUNG!!1!!!11!!!)?
Mar 22
1 hr 21 min

Är relatable Hustlers – a.k.a. d'lëtzebuergescht Gina-Lisa an den Thanos vun de Männerentschëllegungen – sinn endlech nees do an hunn eng Folg an Iwwerlängt mat dobäi!
Tëscht Fatima-änleche Visiounen, engem wichtege Lipödem-Opruff an dem taktloseste Lidd um Sat.1 enthülle mir dem Christine säi "Lieblingsplatz", berichten déi explosiivst Geschichten (Net laachen!) an David Lynch-änlech Erzielungen. Endlech gëtt och "Heated Rivalry" beschwat, decidéiert, wat ee mat ganz ville Suen maache kann an opgekläert, wou d'Discokugel erfonnt gouf.
Mat on air sinn eng Sekten-Influencerin, d'Bitch vun Halloween, d'Désirée vun Esch an d'Isabelle vun Thionville, ausserdeem eng witzeg Barbe à papa, den "Airbud", eng literaresch wäertvoll Berliner WG, "T42" an d'"ARBED".
Et gëtt och nees vill gefrot: Wéi ass dem Ilya Rozanov seng Squat-Routine? Ass den Tony Soprano en Opernsänger? A wat hunn d'Nina Hagen an d'"Foo Fighters"(leider) gemeinsam?
Mar 7
2 hr 7 min

Et ass Zäit fir Deel 2 vun eiser Episod! Mat dobäi sinn d'Rita an de Rafael, d'Anna Delvey vu Lëtzebuerg an de vulgäerste vocal stim.
Et geet ëm nerveg Leit zu LA, Buddhismus op engem Been, Kräische mam Shakespeare an "The Jills have eyes".
Alt erëm gi vill Froen opgeworf, ewéi zum Beispill: Gëtt et eng nei "Sunlicht"-Affär? Wéi grouss ass den Ënnerscheed tëscht Freigeist a Luftikus? A natierlech: Can I quiz you on some ocean facts?
Feb 21
38 min
Load more
