Paus.
Paus.
Jill & Yannick
#177 Dee mam Organhandel am Spa
2 hour 7 minutes Posted Mar 7, 2026 at 11:01 pm.
0:00
2:07:48
Download MP3
Show notes
Är relatable Hustlers – a.k.a. d'lëtzebuergescht Gina-Lisa an den Thanos vun de Männerentschëllegungen – sinn endlech nees do an hunn eng Folg an Iwwerlängt mat dobäi!
Tëscht Fatima-änleche Visiounen, engem wichtege Lipödem-Opruff an dem taktloseste Lidd um Sat.1 enthülle mir dem Christine säi "Lieblingsplatz", berichten déi explosiivst Geschichten (Net laachen!) an David Lynch-änlech Erzielungen. Endlech gëtt och "Heated Rivalry" beschwat, decidéiert, wat ee mat ganz ville Suen maache kann an opgekläert, wou d'Discokugel erfonnt gouf.
Mat on air sinn eng Sekten-Influencerin, d'Bitch vun Halloween, d'Désirée vun Esch an d'Isabelle vun Thionville, ausserdeem eng witzeg Barbe à papa, den "Airbud", eng literaresch wäertvoll Berliner WG, "T42" an d'"ARBED".
Et gëtt och nees vill gefrot: Wéi ass dem Ilya Rozanov seng Squat-Routine? Ass den Tony Soprano en Opernsänger? A wat hunn d'Nina Hagen an d'"Foo Fighters"(leider) gemeinsam?