Paus.
Paus.
Jill & Yannick
#183 Dee mam Mord vum Cédric
2 hour 16 minutes Posted May 30, 2026 at 10:01 pm.
0:00
2:16:29
Download MP3
Show notes
Zeréck aus dem prollegen Zürich an aus der Privatklinik sinn d'Heidi an d'Clara aus der Podcastwelt nees fir iech do – natierlech audio only!
Ee vun eis war am "Boy Aquarium", deen aneren am Video vum ING-Marathon.
Tëscht häerzege Serie-Pappen an underrated 90's Girlgroups geet et an dëser Folg ëm den 2. Agenda, de Lavalott an Empörung an der oppener Schwemm. 
Vläicht schreiwe mir haut e klengen Text, vläicht léiere mir endlech Bio fäerdeg, mee vläicht recaste mir och einfach d'Sarah Engels als Samantha Jones. 
Mir beschwätzen d'Paus.-Kritik vum 100,7, d'"Chicago Bulls" an hirer Prime a Methadon fir "Ted Lasso"-Fans, awer och Frëndschaftstrennungen, Gay Business zu Marrakesch a Mammen, déi hier Kanner am Stach loossen. 
Froe ginn och nees gestallt: Ass "Un aller simple" am Fong "L'étranger"? Sinn "11 Freunde" am Fong d'"Kickers"? A stëmmt iwwerhaapt eppes, wat mir zielen?