Wou deet et wéi?
Wou deet et wéi?
RTL Radio Lëtzebuerg
An dësem Podcast mat HRS schwätzt de Camille Ney mat sengem Co-Host, dem Prof. Dr. Claude Braun, Directeur médical an den Hôpitaux Robert Schuman, mat Dokteren an internationalen Experten iwwer allerlee aktuell Gesondheetsfroen, de Fortschrëtt an der Medezin an an de Soinen am Laf vun der Zäit.
Thoraxchirurgie, 13/07/2023
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney am Gespréich mat den Doktere Gilbert Massard a Georges Decker Wat ass d’chirurgie thoracique? Wat mécht dee Chirurg a wéini a wéi intervenéiert hien ? Des an aner Froën ginn am Podcast behandelt...
Jul 12, 2023
57 min
Kinésitherapie, 15/06/2023
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney am Gespréich mat de Kinésitherapeute Steve Dondlinger a Michel Thill Am neie Podcast “Wou deet et wéi” mat den Hôpitaux Robert Schuman a Santé Services stelle mir de Beruff an d'Aufgabe vum Spidolskiné vir...
Jun 14, 2023
41 min
Urgencen, 18/05/2023
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney am Gespréich mat den Doktere Fabienne Koerperich an Emile Bock Am neie Podcast “Wou deet et wéi” mat den Hôpitaux Robert Schuman a Santé Services dréint sech alles ëm d’Urgencen. Wann et séier muss goen, si kloer Käpp gefrot, déi de Stress optimal geréieren – an dat ass grad bei groussem Undrang net ëmmer ganz einfach...
May 17, 2023
Chirurgie cardiaque, 13/04/2023
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney am Gespréich mat den Doktere Klaus Kallenbach a Sergei Ceborati D’Häerzchirurgie gëllt an der Medezin als d’Champions League. Si ass dann och d’Thema an eisem neien Episod vum Podcast „Wou deet et wéi?“ mat Santé Services an den Hôpitaux Robert Schuman op RTL-Play: Wat ass d’Chirurgie cardiaque ? Wéi weess een, dass een e Problem mam Häerz huet? Kann een e puer Häerzkrankheeten a sengem Liewe kréien? Froën iwwer Froën - d'Äntwerte ginn et am Podcast...
Apr 12, 2023
41 min
ORL, 16/03/2023
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney am Gespréich mat den Doktere Bianca Kohnen a Pierre Kurt An eisem neien Episod vum Podcast „Wou deet et wéi?“ mat Santé Services an den Hôpitaux Robert Schuman op RTL-Play geet et ëm den Hals, d’Nues an d‘Oueren: Wat ass en ORL a mat wéi enge Virzeeche soll ee bei en ORL goen? Wéi a mat wat ënnersicht en ORL? Fir wéi eng Interventiounen ass en ORL zoustänneg a wéi behandelt en en déi? Froën iwwer Froën – am Podcast ginn et d‘Äntwerten...
Mar 15, 2023
Recherche, 16/02/2023
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney am Gespréich mam Dr. Victoria El Khoury (LIH) an Dr. Jonathan Cimino (HRS) Am 17. Episod vum Podcast „Wou deet et wéi?“ mat Santé Services an den Hôpitaux Robert Schuman geet et ëm d‘Recherche: Wat versteet een ënner klinescher Recherche? Wat ass eng Cellule de Recherche? Wat ass d’Roll vun engem Spidol an deem Beräich? Wéi gëtt dat finanzéiert? Gëtt do direkt mat de Patiente geschafft? Froën iwwer Froën – am Podcast ginn et d‘Äntwerten...
Feb 15, 2023
45 min
Gastroentérologie, 12/01/2023
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney am Gespréich mat den Doktere Jan Friedrich Krahn a Jacques Blondelot Wéi eng verschidde Krankheete gi vum Gastroenterolog behandelt? Wéi eng Persounen si méi engem grousse Risiko ausgesat? Wéini soll/muss ee bei e Gastroenterolog a wéi dacks? Ginn et Rotschléi fir d’Preventioun? Dat sinn nëmmen e puer vun de Froen, op déi et am Podcast Äntwerte ginn...
Jan 11, 2023
43 min
Chirurgie vasculaire, 22/12/2022
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney am Gespréich mat den Doktere Suzanne Honig an Daniel Manzoni Wat ass d’Gefässchirurgie? Wéi wichteg ass d‘Gefäßsystem? Wat mécht e Gefäßchirurg a wéini gräift hien an? Gëtt eng Behandlung an der Gefäßchirurgie interdisziplinär gemaach? Wa jo, mat wéi enge Fachgebidder? Dat sinn nëmmen e puer vun de Froen, op déi et am Podcast Äntwerte ginn...
Dec 21, 2022
Pharmacie, 24/11/2022
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney am Gespréich mam Anne Otto a Julie Schelinsky Wéi eng Roll spillt d’Pharmacie an engem Spidol? Muss/soll e Spidol eng Apdikt hunn? Wéi gëtt ee Préparateur en pharmacie hospitalière ? Wat ass d’Roll vun deene Persounen a puncto Medikamenter a Securiséierung vum Circuit ? Si si an direktem Kontakt mam Patient ? Wéi ass de Wee vum Medikament bis bei de Patient? Dat sinn nëmmen e puer vun de Froen, op déi et am Podcast Äntwerte ginn...
Nov 23, 2022
Dermatologie, 13/10/2022
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney am Gespréich mam Dokter Patrick Koch Firwat geet ee bei en Hautdokter a wat mécht deen? Wéi eng Pathologie ginn do behandelt? Sinn eeler Leit méi ufälleg fir Hautkrankheeten? Sinn déi verierflech? Wéini gëtt operéiert a wéi? Wou hält d’Dermatologie op a fänkt déi esthetesch Chirurgie un? Dat sinn nëmmen e puer vun de Froen, op déi et am Podcast Äntwerte ginn...
Oct 12, 2022
43 min
Load more