Schlechte Schüler
Schlechte Schüler
radio 100,7
“Schoulparcoursen zu Lëtzebuerg si ganz fréi virbestëmmt”, heescht et am leschte Bildungsbericht. Wat leeft schif? A firwat geléngt et eis net fir de Schoulsystem méi gerecht ze maachen? Schlechte Schüler ass eng 100,7-Podcast-Serie a sechs Deeler. Recherchéiert a verzielt vum Pia Oppel a Pierre Reyland.
Episod 5  – Am Speckgürtel
Zu Kielen an der Schoul kann alles beim Ale bleiwen. Muss et awer net.
Dec 12, 2022
25 min
Episod 6 – Net vu schlechten Elteren
Op der Stater Gare gëtt iwwer d’Schoul gestridden. A besser situéiert Elteren huelen Afloss.
Dec 12, 2022
42 min
Episod 4 – En français, s’il te plaît
Eelef Kanner léieren zu Schëffleng op Franséisch Liesen a Schreiwen. Ee Projet mat ongewësser Zukunft.
Dec 5, 2022
26 min
Episod 3 – Esch international
D'Sara sollt fir d'zweet sëtze bleiwen. Elo geet hat an eng ëffentlech Europaschoul.
Nov 28, 2022
27 min
Episod 2 – Zeréck an d’Zukunft
D'Karin Elsen an d'Edith Jacobs wëllen d'Schoul méi gerecht maachen. 1975 woen déi zwou Léierinnen en Experiment.
Nov 21, 2022
31 min
Episod 1 – Op den Ufank kënnt et un
D'Estrela huet aacht Joer a Schwieregkeeten an der Schoul. Seng Conclusioun: Ech sinn net intelligent.
Nov 14, 2022
28 min
Schlechte Schüler - Trailer
“Schoulparcoursen zu Lëtzebuerg si ganz fréi virbestëmmt”, heescht et am leschte Bildungsbericht. Wat leeft schif? A firwat geléngt eis net fir de Schoulsystem méi gerecht ze maachen? Schlechte Schüler ass eng 100,7-Podcast-Serie a sechs Deeler. Recherchéiert a verzielt vum Pia Oppel a Pierre Reyland. Déi éischt Episod kënnt de 14. November raus.
Nov 4, 2022
1 min