
Déi bescht Momenter aus den éischten Episoden an d’Fuerschung hannendrun.
D’Emily, d’Sonia an den Amin un Take Off scho misse verloossen. D’Chiara, den Alex an d’Polina sinn nach ëmmer dobäi. Wéi hunn des sechs Kandidaten d’Science Challenge Show bis elo erlieft? Wat huet si am meeschte begeeschtert? Wat waren déi gréissten Erausfuerderung? A mir gesi wéi eng Fuerschung hannert den Challenge vun der éischter Science Challenge Show stécht.
Feb 11, 2024
27 min
Video

Wat schwätzt duerfir, wat dogéint?
Zwee identesch Elektro-Autoen. Awer zwee verschidde Chauffeur. Wéi vill Afloss hu Fuerstil an Heizung dorop wéi wäit ee kënnt? A wann den Akku futti ass. Eng Lëtzebuerger Start Up schafft drun, datt een Akkue méi laang benotzen a recycléiere kann. Dräi grouss Vibratiouns-Camione sichen no Energie am Buedem. Firwat ee bei dësem Projet och kéint Lithium fannen. An op Elektroautoe wierklech méi ëmweltfrëndlech si wéi Verbrenner.
Dec 3, 2023
28 min
Video

Eng jonk Studentin verzicht fir en Experiment dräi Deeg op hire Smartphone. Wat léist dat an engem aus?
Firwat gräife vill Leit dacks reflexaarteg nom Handy? A wouru mierkt een dass ee vläicht handysüchteg ass? Am Lycée Ermesinde zu Miersch hunn se den Handy ganz verbueden? Firwat déi Decisioun a wéi kënnt se bei de Schüler un? A Fuerscher um LIST schaffen um Smartphone vun der Zukunft, mat engem Touchscreen, deen een net upake muss.
Nov 5, 2023
27 min
Video

D’Geschicht an d’Technik vu Radio Luxembourg
Vu wäit gesi se guer net esou héich aus. Wann een awer drënner steet, si se imposant. D’RTL Antenne vu Jonglënster. Den Olivier Catani a Mister Science klammen op déi 215 Meter héich Masten erop. Virun 90 Joer gouf vu Jonglënster aus déi éischt Sendung vu Radio Luxembourg ausgestraalt. Am Pisa weise mir wéi de Radio vu Lëtzebuerg grouss Deeler vun Europa eruewert huet. Firwat een de Sender fréier och am Telefon héiere konnt. A mir geheien Eeër vum Mast erof, an se dierfen dobäi net futti goen.
Oct 29, 2023
27 min
Video

Eng spannend Course mat Bus an Zuch duerch ganz Lëtzebuerg
Am neie Pisa Summerchallenge fueren den Olivier Catani a Mister Science mam ëffentlechen Transport queesch duerch d’Land. Allen 100 Gemengen. A 24 Stonnen. Non Stop. Ass dat iwwerhaapt méiglech? Wéi eng Verbindunge muss een huelen. A wéi dacks ëmklammen? Si maachen um Wee duerch d’Land de Gemenge-Quiz. Weisen op ale Kadaster-Pläng wéi d’Gemengegrenze virun iwwer 200 Joer festgeluecht goufen. A wéi de «Blob» kéint hëllefen den ëffentlechen Transport ze optimiséieren.
Oct 1, 2023
27 min
Video

Déi spannend Geschicht vun eiser Constitutioun
1848 erkämpfen d’Lëtzebuerger sech hir éischt liberal Verfassung. Ween a wat huet virun 175 Joer dozou gefouert, dass Lëtzebuerg säin éischt Grondgesetz krut. Wat ännert sech mat der neier Verfassung, déi elo a Kraaft trëtt. A firwat huet esou laang missen doru geschafft ginn.
Jul 2, 2023
28 min
Video

Drénkwaasserversuergung fréier, haut a muer.
De Stauséi ass dee gréissten Drénkwaasserreserv zu Lëtzebuerg. D’Réihwaasser gëtt elo an engem neie Waasserwierk propper gemaach. Wéi eng modern Technik gouf hei zu Eschduerf installéiert. A wéi kréien se d’Waasser mam neie Pompelwierk aus dem Dall op de Bierg erop. Grouss Efforten dass mer och an Zukunft genuch Krunnewaasser hunn. Mir gesinn wéi d’Krunnewaasser mat enger intelligenter Steierung am Land verdeelt gëtt. A maachen eis op eng spannend Sich no de Plazen wou d’Leit virun iwwer Joer 100 hiert Drénkwaasser hir kruten.
Jun 4, 2023
29 min
Video

Firwat mir am Auto fluchen a wéi relax mer an Zukunft wäerte fueren.
Ëmmer méi Autoen. Permanent Chantieren. An deen éiwege Stopp and Go. Dat ass dach guer net schlëmm. An Zukunft wäerte mir nämlech net méi selwer fueren. Och zu Lëtzebuerg gëtt et Fuerschung un autonomen Autoen. Wat déi haut scho kënnen a wou nach Challenge sinn. Mir erklären firwat mer hannert dem Steier gär mol extrem fluchen. Gesinn wéi eisen Autobunns-Reseau iwwert déi lescht Joerzéngte gewuess ass. An de Mister Science weist an engem spektakulären Experiment wéi déi sougenannt Nids de poule an de Stroossen entstinn.
May 7, 2023
27 min
Video

Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.
May 6, 2023
29 min
Video

Wou KI eis schueden, awer och nëtze kann
Den Tom Cruise an der RTL Reunioun. En Deep Fake. Méiglech duerch kënschtlech Intelligenz. Eng Identitéit fälschen kann awer och geféierlech sinn. Fuerscher op uni.lu entwéckelen e Programm mat deem een esou Fälschungen enttarne kann. Am Lëtzebuerger Institut fir Gesondheet wëllen se mat KI Krankheeten besser diagnostizéieren. A mir kucken wéi ee mat ChatGPT op der Aarbecht Zäit spuert. D’Intelligenz vum Chatbot engem awer och Angscht maache kann. Wou Kënschtlech Intelligenz eis eventuell schueden awer och nëtze kann.
Apr 16, 2023
27 min
Video
Load more