
Am nationale Futtball sinn an der regulärer Saison elo iwwert de Weekend déi lescht Decisioune gefall. Fir verschidden Equippen geet et iwwert d'Barragematcher awer och nach an d'Verlängerung. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:
May 27, 2024
2 min

An der Ieweschter Divisioun steet nom 2. leschte Spilldag mat Schëffleng den éischten Ofsteiger fest. 4 Veräiner däerfen nächst Saison net an der Coupe d'Europe spillen a bei der Jugend huet den F91 Diddeleng d'Coupe du Prince gewonnen. Dëst sinn Haapttheme vum FLF-Magazin, deen iech haut vum Gilles Tricca presentéiert gëtt.
May 20, 2024
2 min

Déifferdeng nach ëmmer nom sécheren Champion aus, ma de Weekend huet Rouspert ee klenge Stréch duerch d'Festivitéiten gemaach.Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op den 27. Spilldag zeréck.
May 6, 2024
2 min

Muer den Owend spillt d'Lëtzebuerger Futtball Nationalequipe am Stade de Luxembourg géint Kasachstan.Et hätt sollen déi grouss Finale fir d'EM an Däitschland ginn, ma eng schwaach Leeschtung virun allem an der éischter Hallschent vun de Roude Leiwen an e puer onglecklech Arbitter Decisiounen hunn zu enger 0-2 Néierlag zu Tiflis a Georgien de leschten Donneschdeg gefouert.Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer nach emol zeréck.
Mar 25, 2024
2 min

De Countdown leeft fir d'Partie an der Halleffinal vun de Play-Offs an der Nations League géint Georgien. En Donneschdeg ass et esou wäit, dann ass een vun de wichtegsten Matcher an der Geschicht vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun. Wann d'Rout Léiwen zu Tiflis gewannen, dann ass d'FLF-Formatioun just nach ee Match vun der Europameeschterschaft am Summer an Däitschland ewech. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:
Mar 18, 2024
2 min

An der BGL-Ligue am Lëtzebuerger Futtball huet den Tabellenzweeten F91 Diddeleng Punkten zu Käerjeng hänke gelooss...de Leader FC Déifferdeng 03 konnt mat engem Succès zu Munneref seng Avance als Leader ausbauen. D'Fola huet um Wupp vun der Tabell nees e Liewenszeeche vun sech ginn. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:
Mar 4, 2024
2 min

Am nationale Futtball Championnat hunn Déifferdeng an Diddeleng d'Avance op d'Konkurrenz ausgebaut.Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op de Spëtzematch Hesper géint Nidderkuer an wéi d'Jeunesse sech aus dem Tabellekeller erausgespillt huet.
Feb 26, 2024
2 min

"En Derby spillt een net, en Derby wënnt een", déi Futtball-Wäissheet war och gëscht zu Esch nees wouer. D'Jeunesse huet sech mam knappste vun alle Resultater, 1-0, beim grousse Rival Fola duerchgesat. Den Tabellenéischten Déifferdeng huet beim Remis zu Monnerech Punkten hänke gelooss, den zweeten Diddeleng huet mat enger klorer Victoire um Racing, Terrain gutt gemaach. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:
Feb 19, 2024
2 min

An der héchster Divisioun am nationale Futtball rullt dat ronnt Lieder zanter gëschter nees. Um éischte Spilldag no der Wanterpaus hunn sech déi zwee Tabellenéischt Déifferdeng an Diddeleng net iwwerrasche gelooss..., den drëtten Hesper trëppelt fir den Optakt direkt emol op der Plaz. An der nächster Nations League Campagne kréien d'Rout Léiwen et mat Bulgarien, Nordirland an Wäissrussland ze dinn. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:
Feb 12, 2024
2 min

De Weekend war dee leschten Spilldag am nationale Futtball Championnat virun der Wanterpaus.Am FLF Magazin vun haut zitt de Jeff Kettenmeyer de Bilan vun der Allerronn an bei wiem et an Zukunft besser muss lafen.
Dec 11, 2023
2 min
Load more
