On the Record - Reporter.lu
On the Record - Reporter.lu
Reporter.lu
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg. Am Gespréich mat Journaliste gi mir den Themen op de Gronn a werfen e Bléck hannert d’Kulisse vun eise grousse Recherchen. Nei Episode gëtt et all Freideg.
Et war eemol „de Westen“ ...
D’USA gesinn Europa net méi als historeschen Alliéierten an d’EU-Staate froen sech, wéi reagéieren. Wéi steet et ëm déi transatlantesch Relatiounen? Oder anescht gefrot: Gëtt et „de Westen“ iwwerhaapt nach? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Apr 25, 2025
28 min
Muss och Lëtzebuerg elo oprüsten?
E russeschen Aggresseur an en onzouverlässege Partner USA: Europa muss sech militäresch nei opstellen. Wéi sinn déi aktuell Entwécklungen ze bewäerten? A wat ka Lëtzebuerg an deem Kontext maachen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Apr 18, 2025
17 min
Sozial, liberal oder am Fong egal?
Enn Abrëll wäert d'Demokratesch Partei eng nei Spëtzt wielen. Wéi wäert sech dëse Wiessel auswierken? Wéi huet sech d'Partei an der Koalitioun mat der CSV verännert? A fir wat steet si nach politesch? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Apr 11, 2025
25 min
En éischte Schrëtt eraus aus der Immobiliekris?
No schwierege Jore gëtt et nees méi Aktivitéit um Logementsmarché. Dat soen déi neisten Zuelen. Hunn d’Mesure vun der Regierung deemno gegraff? Oder ginn et aner Facteuren? An ass déi Relance vun Dauer? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Apr 4, 2025
22 min
Wat huet d’Caritas-Kommissioun bis elo bruecht?
Säit ronn sechs Méint schafft eng Spezialkommissioun vun der Chamber d’Caritas-Affär op. Wat huet si bis elo erausfonnt? Wat war d’Roll vun den eenzelnen Acteuren? An erfëllt d’Kommissioun hir Aufgab? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Mar 28, 2025
25 min
Covid, fënnef Joer duerno
Am Mäerz 2020 ass Lëtzebuerg an de Lockdown gaangen. Et war eng vu ville Mesure. Wéi ass d’Aarbecht vun der Regierung réckbléckend ze bewäerten? A wat fir Conclusioune sinn doraus ze zéien? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Mar 21, 2025
36 min
Wéi kéint de Walsystem reforméiert ginn?
Een eenzege Walbezierk, méi Deputéiert an awer vläicht en Auslännerwalrecht: Doriwwer gëtt aktuell an der Chamber diskutéiert. Wat proposéieren déi eenzel Parteien? A wéi eng Iddien hunn eng realistesch Chance? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Mar 14, 2025
21 min
Wat stécht hannert dem Crypto-Bedruch?
Och zu Lëtzebuerg gi Leit Affer vu sougenannte Callcenter-Scams a verléieren dobäi deels ganz vill Suen. Wéi genau funktionéiert dës Form vu Bedruch? Wien stécht dohannert? A wéi kann een sech schützen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Mar 7, 2025
26 min
Eng nei Ära an der Weltpolitik
Säit dem Comeback vum Donald Trump ginn déi transatlantesch Relatioune méi wéi jee a Fro gestallt. Wat bedeit dat fir Europa? A wéi realistesch ass eng eegestänneg Aussen- a Sécherheetspolitik vun der EU? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Feb 28, 2025
26 min
Eng Schicksalswal fir Däitschland?
No engem hëtzege Walkampf wielt Däitschland en neie Bundestag. Wéi eng Themen hunn dominéiert? Wéi eng Koalitiounen si méiglech? A wat kéint eng nei Regierung fir Lëtzebuerg an Europa bedeiten? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Feb 21, 2025
23 min
Load more