
„Mir paken eise Koffer an huele mat: E positive Possum, Bagage vu fréiere Bezéiungen, naass Strëmp mat Lächer a Matbewunner aus der Spull“, esou kéint een dës Episod resuméiere wann d’Episod just 10 Minutten hätt. D'Cat a Sidsel kontrolléieren d’Zäit awer net, net esou wéi de Mister Strange oder de Benedict Cumberbitch - oder wéi heeschen déi scho méi alleguer? Mam schwätzen haten déi zwou Queens et haut villäicht net esou mee dofir huet d’Sidsel Jesus-like skills entwéckelt a kann elo Wäi maachen an d’Cat huet sech zur Educatrice vun engem Läffel ausbilde gelooss. Gleeft der net? Da lauschtert iech de Spektakel un a wann der duerno nach Nerven hutt, da sidd der belaaschtbar genuch fir d’Positioun, déi opgaangen ass. Schreift är Demande via Instagram a keng Angscht, et ass keng (flaach) Hierarchie: Dir braucht kee Chef ze nennen, Queens geet duer.
Dec 16, 2023
47 min

Mat VTT geet déi heiten Dier vum Adventskalenner op an hannendru verstoppe sech e Crêpemeister an e Wellness-Expert mat pikante Geschichten. Wärend d’Cat mol erëm Dokteren an d’Pan klaakt, huet d’Sidsel Geschichten aus dem Privat-Puff. A falls dir iech frot, wéi ee Lëtzebuerger am Euromillions gewonnen huet. Et war net keen, mee definitiv och net eng vun de Queens. Soss misst d’Cat net mat Lächer an den Turnschlappe ronderëm lafen an d’Sidsel bräicht kee Rubbelkalenner. A Propos rubbelen… nee lauschtert einfach selwer wéi sech an Zukunft kéint begréisst ginn.
Dec 3, 2023
48 min

Wat hunn e Stéck Schockela an eng Kaz gemeinsam? Allen 2 suergen op hir Aart a Weis fir Erausfuerderungen am Alldag vun deenen zwou Queens! Doriwwer eraus gëtt et alt erëm en neien Overthinking Zenario beim Akafen an eng grouss Fro déi eis natierlech all beschäftegt: Gëtt an FKK-Hotelle plakeg gebotzt? A wat der Däiwel sinn Oureschleeken? D'Cat a Sidsel hunn zwar net op alles eng Äntwert mee dofir vill Wuert(z)witzer an an Zukunft villäicht och eng Perréck an e klengen Hummer.
Nov 18, 2023
43 min

Jecke Warnung, dës Episod ass wéi dem Cat säi Glitzer: All over the place! D'Queens of *an dësem Fall* Fire and Ice, hoffen dir sidd prett fir Kölle Alaaf à la Meh! D'Motto #HeißIceBaby zitt sech net just duerch dësen 11.11 mee och duerch alles wat duerno geschitt ass: Et gouf geFEIERt, geziddert a gejaut, dass d'Stëmmbänner wibbelen an dir sidd live dobäi. Vun ongefrote Beréierungen, ongewéinleche Bodycounts an onpraktesche Kostümer gëtt an dëser Episod zu 73% geschwat a 25% gesongen. Déi aner 2 Prozent gehéieren dem Sidsel senge bloe Plazen a wou déi hierkommen kënnt der hautno zum Schluss vun dësem musikalesche Kappkino materliewen. Vill Spaass an denkt un dem Chris seng Wierder.
Nov 15, 2023
47 min

Um Sonndesmenü stinn haut schmanteg lackeleg Saache wéi Nuddele mat Pesto-Waasser an Alkohol aus dem Biberon. Nieft Gourmet-Froe gëllt et awer och nach d’Peinlechkeete vun der Firmefeier ze klären, e Kostüm fir den 11.11 ze bastelen an dem gudde Lëtzebuerger säi Rassismus auszedreiwen. Natierlech just, wann der dat heiten net verpennt. Ëmmerhi gouf en neie Schlofrekord, opgestallt by yours truly: Sidsel. Vill Spaasszzzzzzzzz.
Nov 4, 2023
46 min

Besser spéit wéi ni, obwuel an deem heite Fall bestëmmt och Leit soen: "besser ni wéi spéit". Dës Episod ass genee esou wéi d'Cat an d'Sidsel de Weekend: En Ausnamezoustand. Fortlafe vun der Responsabilitéit eng Episod opzehuele war awer keng Optioun, dat maache mer just bei de wierklech wichtege Saachen am Liewen. An och do muss ee soen, haut stelle mir eis der Realitéit... an dem Vaginalpilz... ah jo an dem Hangover.
Oct 28, 2023
47 min

Et ass Walsonndeg a 50% vun dësem Podcast hunn doru geduecht, déi aner 50% loosse sech excuséieren. Awer natierlech net vun dësem Podcast! Do ginn et keng Excusen, och keng Krankschreiwungen. Esou kämpft Sidsel sech derduerch mat sengem Schnapp an engem klenge groussen Down. An d'Catherine leit ënner Honger a mangelnde Franséischkenntnisser. Wat Anuslosegkeet a Gedokters domat ze dinn hunn? Dat fannt der just eraus wann der lauschtert!
Oct 7, 2023
41 min

Eng Lëscht esou laang wéi déi aktuell physesch Distanz tëscht dem Cat a Sidsel. A genee dowéinst huet missen eng speziell Episod hir, mat äre Bucketlist points awer natierlech och mat hiren!
Risiken an Niewewierkungen: D'Verlangen duerno de Koffer ze paken an ze reesen, e Keramik-Kuer ze beleeën oder e Buch ze schreiwen. Villäicht rufft der duerno awer och just beim Psycholog u fir e Rdv auszemaachen, wie weess. Deen deen d'Episod lauschtert, also let's go!
Sep 30, 2023
44 min

Heiansdo kommen d’Sidsel an d’Cat sech vir wéi am Reality TV. Oder wéi géift dir iech et erkläre wann d’Sidsel mat Pampers op d’Aarbecht geet an d’Cat esou eppes Penibeles erzielt, dass et awer an d’Episod wëll schneide goen? Penibel ass dës Kéier d’Stéchwuert, dat huet sech och d’Technik geduecht. Trotzdeem hunn déi Zwee et hi kritt eng Episod ze produzéieren… oder villäicht och méi? Fir dee reveal musst der bis zum Schluss lauschteren!
Sep 23, 2023
52 min

Déi eng paken de Koffer fir an d’Vakanz, déi aner fir ze verkoppelen an nach anerer well et um Cape Vert jo kéint schneien. D’Sidsel kann dat alles vu senger Lëscht sträichen, genee esou wéi e Punkt vu senger Bucket List. D’Cat huet an der Tëschenzäit seng grouss Léift an Italien fonnt, en heescht Pedro a geet op 4 Patten. Nee dat ass kee Kink mee à Propos: Féiss si scho rëm en Thema.
PS: Sidd dir eigentlech Meher oder big fat sexy jungle cats? Dat a méi misste mer bis di nächst Episod gekläert hunn, dofir lauschtert séier a slide an d’DMS oder wéi soen déi cool Leit: instagram_lux?
Sep 9, 2023
50 min
Load more
