Paus.
Paus.
Jill & Yannick
#164 Dee mam illegale Backstagebesuch (sorry Nosi)
1 hour 26 minutes Posted Sep 21, 2025 at 7:01 am.
0:00
1:26:56
Download MP3
Show notes
Endlech geet et nees em eis! D'Summer-Paus. ass eriwwer a si sinn erëm do: de Starmaker an d'kompresséiert Sardinnebéchs. Et gouf vill Schmu gedriwwen, Feedback ginn, Zäit an der Horizontaler verbruecht a bal beim Parkautomat gekusst. Postoperativ Investigatiounen an urgent Insolatiounen waren och um Start – an iwwer all dëst (a nach vill méi) gitt dir elo geupdated!
Mir waren Oben ohne um "e-Lake", an der längster Kontroll vun der Welt, mat Flamen op "TikTok" a beim Lena Dunham an den dms. Et geet ëm Bieden am "Basic Fit",  Baba Ganoush mat ganz spezielle Pouvoiren a Blosinstrumenter. 
Mat dobäi sinn och Catfish-Leit, eng trashy Pop-Madame, d'Charol Canning, de "Matlock" am Altersheem, de Luigi, de Jimmy, de Stephen an de Charly. 
Et bleift ze klären: Gëtt et deemnächst e Podcast-Crossover oder Kanner-Special? Wien ass d'Beyoncé vun deene ganz Jonken? An ass alles am Botter (sexy royale Botter, fir genau ze sinn) oder gëtt et Sträit am Paus.-Team?