Paus.
Paus.
Jill & Yannick
#143 Dee mat der Wicked-Erkenntnis
1 hour 5 minutes Posted Nov 16, 2024 at 10:58 pm.
0:00
1:05:06
Download MP3
Show notes
Et ass eng Schank laang Zäit fir eng nei Episod – also gëtt direkt lassgeluecht.
Alles geet bei der Däiwel a mir mat: Et gëtt Neies vun der Police hirem Etablissement, RTL geheit sech aus der Fënster an et herrscht Weltschmerz no de Walen. "Loyalität vor Kompetenz" am Wäissen Haus, zukünfteg Tattoo-Projeten an Urban Legends mat Nimm sinn haut mat vun der Partie... genee esou wéi ganz vill Geraschels, Gequiitschs a Gebills. Et ginn Organisatiounstipps mam Contessa Venezuela, eng Hexejuegd, Emarmungen an en Touch Martha Stewart. Boyband-Rabbitholes, Verräter oder och Oscar Buzz... an natierlech ginn och nees fundamental Froe gestallt: How does she do it? Ass schonn Zäit fir "Paus. - die Abrechnung"? A ween ass de Paul?