Paus.
Paus.
Jill & Yannick
#119 Dee mat der Happy Hippaus
53 minutes Posted Dec 24, 2023 at 11:05 am.
0:00
53:31
Download MP3
Show notes
Sitting, waiting, wishing... Wärend mir all op d'Chrëschtkëndche waarden, gëtt et eng speziell Folg fir de 4. Advent: Ënnert dem Motto "Podcasttausch – jetzt wird geweihnachtet" huet äre Bildungspodcast eng Episod vun den "Happy Hippos" opgeholl. Tëscht Crossfit, NBA an Eggnog bleift nach genuch Zäit fir News, Snacks a (Fulle-)Facts. Op der Arrière-Scène am Pafendall ginn et zum Scheitern verurteilt Chrëschtkaddoen, de penibele Monni Gégé an d'Préizerdauler Gilmore Girls. Juppelt mat eis an d'Feierdeeg tëscht Trauma a Microaggressiounen, well an der schéinster Zäit vum Joer leie Virstellung a Realitéit oft wäit auseneen. Et gëtt iwwer d'Joer vun der Luucht geschwat, iwwer Intervallfasten fir Pinguinen a falsch Kolleege beim Pudderzocker.  Mir sinn dout vu bannen – dofir gëtt et och nach e Spill, bei deem dir doheem matroode kënnt! Merry Crisis!