Show notes
2022 geet op en Enn… mee don't worry, darlings: Bei eis kritt dir e Réckbléck vun allem, wat wichteg ass. Mat dobäi ass d'Famill de Sousa, de Flocke mam Moët, eng TikTok-Curatrice an eng guest appearance vum ale Yannick.Mir streeë Salz iwwer dëst Joer an hunn d'Virsätz, mat méi Blummeprints an d'neit Joer ze starten an d'Krichsproblematik ze léisen. Äre Liblings-Duo zielt iech, wéi d'Stären 2023 stinn (Spoiler: gutt fir jiddereen ausser de Kriibs) a liwwert endlech och d'ominéis Plumartsgeschicht.Hei ginn et keng Manéieren, mee dofir vill Gestreids – also genee dat, wat dir no de Chrëschtdeeg braucht. Plus: Alternativen zu "Emily in Paris", Yutz, de Lewis Capaldi, Medikamenter an e Plagiats-Drama.++ Dës Episod gouf virum Andrew Tate-Gate an dem Doud vum Pele, vum Vivienne Westwood, vum Barbara Walters a vum Ratze opgeholl. ++

