Show notes
Fir déi 20. Nuit des Musées huet de City Museum eis op d'Leit lassgelooss – an hei ass de Best of vum Podcast-Marathon aus eiser neier Stuff!Um Sëlwertablett ginn et international, sympathesch an engagéiert Gäscht, déi deelweis schonn en Hallefmarathon hannert sech haten, ier si mat eis iwwer hier Highlights vum Owend a vun der nächster Zäit geschwat hunn.Wou, wann net hei, geet et an enger eenzeger Sendung ëm musikalesch Planzen, Saachbeschiedegung a Louis Vuitton? A schounungslos investigativer Manéier hu mir Essentielles diskutéiert, ewéi zum Beispill: Ass Lëtzebuerg amfong Bielefeld? Kann e Musée sexy sinn? Dierf een alles upaken? A wou ass eigentlech d'"Gëlle Fro"?Tatsächlech gouf dat Eent oder Anert awer och méi seriö beschwat an et si Fënsteren zur Konscht- a Muséeswelt opgemaach ginn. Maacht iech prett fir e perfekte Mix aus Geschicht, Glamour a Chemtrails mat Paus. aus der #MuseTechLounge!

