Minett Mash-Up: De Podcast
Minett Mash-Up: De Podcast
Minett UNESCO Biosphere, IK-CNCI & MUAR
Minett Mash-up – de Podcast, deen iech mat op d’Rees hëlt! All Mount invitéiere mir interessant Gäscht aus ganz ënnerschiddleche Beräicher an entdecke mat hinne spannend Plazen am Süde vum Land. Léiert mat eis déi eenzegaarteg Natur, historesch Sitten a kreativ Initiativen aus der Regioun kennen. Är Hosts: Yann Logelin vun der Minett UNESCO Biosphere, Anna Monaco / Maria Spada / Loréna Jarosz vum IK-CNCI (Industriekultur – Centre national de la culture industrielle), Marieke Jarvis vum MUAR (Musée vun der Aarbecht). Musek: Ragner (https://linktr.ee/ragnerdub).
Episod 50: Alain Guenther X Schmelzaarbechter Musée
Kontaktéiert eis Tëscht Stol, Erënnerung a Solidaritéit D’Geschicht vum Minett ass net nëmmen eng Geschicht vu Minnen, Héichiewen a Stol. Et ass och eng Geschicht vu Mënschen: vu Schmelzaarbechter, vu Familljen, vu Kolonien, vu Solidaritéit, vu schwéierer Aarbecht — an dovun, wéi eng ganz Regioun duerch d’Industrie gepräägt ginn ass. Fir de 50. Episod vum Minett Mash-Up si mir op enger Plaz, wou déi Geschicht nach haut ganz konkret ze spieren ass: am Schmelzaarbechter Musée um Site vun der ...
Jun 26
42 min
Episod 49: Ënnerwee am Fond-de-Gras
Kontaktéiert eis 2026 steet beim Minett Mash-Up ganz am Zeeche vun der Aarbecht an der Eisen- a Stolindustrie. D’Schmelze funktionéieren nach, mä an de Lëtzebuerger Minne gëtt zënter 1981 keng Minett méi ofgebaut. An awer schaffen nach Leit an a ronderëm d’Minne mam Zil dësen Deel vun eiser Industriegeschicht lieweg ze halen. Dowéinst si mer dëse Mount am Fond-de-Gras. Bal honnert Joer laang war dëst klengt Dall ee vun den Zentre vum Eisenäerz-Ofbau; 1955 huet déi lescht Galerie zougemaach, a...
May 29
28 min
Episod 48: Dario Di Genova X Musée des Mines
Kontaktéiert eis D'Geschicht vun der Minett, hiren Ofbau, hir Weiderveraabechtung an d'Liewe vun de Leit an de Schmelzen an och an de Minnen sinn eise ruede Fuedem dëst Joer am Minett Mash-Up. An dësem Episod geet et besonnesch ëm d'Mineure an hir Aarbecht, déi alles aaneschters ewéi en einfachen Job war – matten an engem Ëmfeld, wou d'Industriegeschicht nach haut lieweg ass. Eis "Minett Location vum Mount": Musée National des Mines de Fer (Rëmeleng) Dës Kéier féiert eis Rees de Minett Mash-U...
Apr 24
53 min
Episod 47: Carlo Jones X Metzeschmelz
Kontaktéiert eis Wéi aus dem Minett Stol ginn ass, a wéi de Minett vun de Koppe laanscht déi franséisch Grenz bis an d’Schmelze komm ass: dat sinn d’Geschichten, déi dës Saison eise Podcast beliewen. An dësem Episod geet et besonnesch ëm d’Technik an d’Ëmfeld, déi et gebraucht huet, fir aus Steng Stol ze maachen – matten an enger Plaz, wou d’Industriegeschicht nach ze spieren ass. Minett Location vum Mount: Metzeschmelz Dës Kéier féiert eis Rees de Minett Mash-Up an d‘Metzeschmelz, eng indust...
Mar 27
56 min
Episod 46: Jan Herr X Léiffrächen
Kontaktéiert eis Biodiversitéit a Gestioun vun de Minetter Dagebausgebidder De Minett Mash-Up ass de Wanderpodcast aus dem Minett: all Mount mat engem Invité an op enger anerer Plaz. An dësem Joer dréinen eis Gespréicher sech ëm d’Geschicht vun de Schmelzen, de Minnen an den Dagebaugebidder – an och ëm d’Transformatioun vum “Bassin Minier” an en UNESCO-Biosphärereservat. Eis “Minett-Location” vum Mount: Léiffrächen Fir dësen Episod hu mir eis am Februar-Reen an d’Léiffrächen deplacéiert – eng...
Feb 27
47 min
Episod 45: Carlo Pallucca X Héichuewen B
Kontaktéiert eis Och 2026 maache mer viru mam Minett Mash-Up, dem Wanderpodcast aus dem Minett. All Mount mat engem Invité a vun enger anerer Plaz. An dësem Joer geet et an eise Gespréicher ëm d'Geschicht vun de Minnen, de Schmelzen an de Dagebaugebidder – an och ëm d'Transformatioun vum "Bassin Minier" an en UNESCO-Biosphärereservat. De roude Buedem vum Minett steet am Mëttelpunkt vun eisem industriellen Ierwen, a fir dësen Episod maache mir eng Zäitrees zréck an d'Joer 1997. Wéi gewinnt gët...
Jan 30
42 min
Episod 44: Best of 2025
Kontaktéiert eis 2025 war e ganz besonnescht Joer fir de Minett Mash-Up: mir waren eng Kéier an all Gemeng vun der Minett UNESCO Biosphere ënnerwee a mir hunn an all Episod d’Regioun, d’Biosphär an hir Decideuren an de Fokus geréckelt. Dëse „Best Of 2025“ erënnert un déi politesch a mënschlech Reesen, un d’Beruffer, d’Weeër an d’Industriekultur, déi de Minett ausmaachen. Dëse „Best Of 2025“ faasst déi flottst a relevanst Momenter aus den 11 Episode vun dësem Joer zesummen a weist: d’Minett B...
Dec 26, 2025
38 min
Episod 43: Carlo Feiereisen X Schëffleng
Kontaktéiert eis Schëffleng, als Deel vun der Minett UNESCO Biosphere, ass eng Gemeng mat enger räicher industrieller Geschicht an enger spannender Zukunft a se ass och déi lescht Statioun vun eisem Tour duerch déi 11 Membergemenge vum Biosphärereservat, wou mir eis dëst Joer mat de Buergermeeschteren iwwert hir Gemeng, eis Regioun an d’Zukunft vum Minett ënnerhalen hunn. Eis “Minett-Location” vum Mount: De Lallengerbierg Am 43. Episod vum Minett Mash-Up Podcast si mer op de Lallengerbierg ge...
Nov 28, 2025
36 min
Episod 42: Simone Asselborn-Bintz X Suessem
Kontaktéiert eis Fir den 42. Episod vun eisem Podcast Minett Mash-Up si mer emol nees eng Kéier um Belval, awer an deem Deel vum Quartier, deen zu der Gemeng Suessem gehéiert. Dës Gemeng, déi aus de véier Uertschafte Bieles, Zolwer, Éilereng a Suessem besteet, ass eng Plaz wou d'Industrie- an Naturierwen vun der Minett Biosphere sech perfekt ergänzen. An och wann d’Marieke vum Musée vun der Aarbechter krankheetsbedéngt net konnt dobäi sinn, kommen d’Froen aus dem Beräich vun der Aarbecht, nie...
Oct 31, 2025
35 min
Episod 41: Henri Haine & Elvedin Muhovic X Rëmeleng
Kontaktéiert eis Am neisten Episod vum "Minett Mash-Up" Podcast entféiere mir Iech an déi flächeméisseg klengst Gemeng vun der Minett Biosphär, op Rëmeleng. An dësem Episod, deen de Buergermeeschter, Henri Haine, an den éischte Schäffen, Elvedin Muhovic, zesummebréngt, kënnt Dir Iech op spannend Ablécker an d'Kultur, d'Politik an d'Zukunft vun dëser klenger Stad freeën, déi duerch d’Eisenindustrie um Enn vum 19. Joerhonnert zu deem ginn ass, wat se ass. Maacht Iech prett fir en Episod voller ...
Sep 26, 2025
52 min
Load more