Mäin Element
Mäin Element
FNR | Lëtzebuerger Journal
E Podcast vum Fonds National de la Recherche an Zesummenaarbecht mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal. De Max Kasel trëfft sech reegelméisseg mat Fuerscher*innen zu Lëtzebuerg a schwätzt mat hinnen iwwert hiert Liewen an hier Passioun fir d'Wëssenschaft. "Mäin Element" weist de Mënsch hannert der Fuerschung.
Mäin Element - Emmanuel Defay
Wéi grouss ass eigentlech "Nano"? Wéi gesäit de Frigo vun der Zukunft aus? A firwat spillt een an enger Band ausgerechent „Bass“? De Max hat dës Kéier erëm eng Rëtsch Froen u säin Invité, den Emmanuel Defay. Vum Lektiounen aus den Zivildéngscht bis hin zu de franséische Red Hot Chili Peppers geet et an dëser Episode hin an hier! Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu
May 23, 2024
29 min
Mäin Element - Ines Chihi
Hätt dir léiwer een Nobelpräis, oder géingt Dir léiwer anere Leit dozou verhëllefen een ze kréien? Fir d'Invitée vun dësem Episod ass d'Äntwert op alle Fall kloer! D'Inès Chihi erzielt dem Max vu sengem Beruff als Ingenieure an taucht mat eis an d'Welt vu senger Konscht an. Mä net nëmmen dat: Si schwätzen och iwwert d'Virurteeler vun nordafrikaneschen Universitéiten an d'Ënnerscheeder par Rapport zu de Student*innen aus Lëtzebuerg. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu⁣
Mar 28, 2024
32 min
Mäin Element - Gilbert Fridgen
NFT, Blockchain a Bitcoin : keng Angscht, aus „Mäin Element“ gëtt elo kee Crypto-Bro Podcast, mä dat sinn d'Theme vun eisem Invité vun haut, dem Gilbert Fridgen. De Gilbert ass eng Korypheeë a sengem Beräich, deen sech em näischt aneschters dréint wéi, ganz einfach, d‘Zukunft. Hien erkläert eis, firwat Blockchain esouwuel fir Geldtransfers ewéi fir Mountroboter kënne gebraucht ginn, erzielt eis wéi heen zu sengem Beruffschoix komm ass a mir tauchen an eng Zäit vu sengem Liewen an, an der heen eemol alles iwwerduecht huet. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu⁣
Feb 5, 2024
31 min
Mäin Element - Constanze Weth
An dësem Episod dréit sech alles ronderëm d'Sprooch. Mä wéi fuerscht een eigentlech Sprooch? Wéi kann ee mat der Sprooch Experimenter maachen? A si Memes eigentlech ee Sujet an der Linguistik? Dës Froe beäntwerte mir zesumme mam Constanze Weth. D'Constanze erfuerscht d'Méisproochegkeet vu Kanner zu Lëtzebuerg. Dobäi huet hatt viru sengem Studium eigentlech ee ganz anere Wee ageschloen : Dee vun enger Léier als Huttmaacherin. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu⁣
Oct 23, 2023
28 min
Mäin Element - Maria Rita Palattella
Wat ass eigentlech den Ënnerscheed tëschent dem "Internet of things" an dem "Internet of… people"? An dësem Episod erzielt d'Maria Rita Palattella dem Max, wéi hat mat senger Fuerschung d'Landwirtschaft prett fir d'Zukunft mécht. Dat mécht et awer net mat neie Mädrescher oder Trakteren, mee mat dem Internet of Things a Sensorik. Esou fënnt hatt ganz genee eraus, wéi een d'Aarbecht op de Felder optiméiere kann, fir de Maximum u Resultat eraushuelen ze kënnen. D'Maria Rita kläert eis op, ob dat alt Spréchwuert: "Wat de Bauer net kennt" nach aktuell ass, oder ob déi lëtzebuergesch Landwirtschaft schonn esou wäit ass, fir sech mat Zukunftstechnik auserneen ze setzen. Mee net nëmmen dat: Hatt gëtt eis een Abléck a seng Kichen a gëtt eis Tipps, wat een am beschte fir een éischt Date kacht. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu⁣
Jul 28, 2023
29 min
Mäin Element - Emma Schymanski
An dësem Episod as de Max op engem Tatort. Wéi kann et och anescht sinn, ëmmerhin heescht d' Invitée vun dëser Episode änlech wéi e berüümten Tatort-Kommissär: Schymanski, Emma Schymanski fir genee ze sinn. D'Emma ass gebierteg Australierin a schafft zu Esch am Luxembourg Centre for Systems Biomedicine (LCSB). Hei ënnersicht d'Fuerscherin Prouwen aus der Natur op (on)bekannt Chemikalien a fënnt zum Beispill eraus, ob dës schiedlech sinn oder net. Dofir huet si souguer eng eege Methode erfonnt: Mëttlerweil ass d'Schymanski-Methode an hirem Domaine weltwäit unerkannt. Mam Emma schwätze mir iwwert Chemikalien an der Natur, Publikatiounen an der Schivakanz an iwwert de Jean-Claude Juncker als Dirigent. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu⁣
Jun 5, 2023
31 min
Mäin Element - Arianna Rossi
Firwat zirkuléieren hautdesdaags esouvill sensibel Donneeën online? An dësem Episod vun "Mäin Element" kréie mir d'Äntwert vum Arianna Rossi vum Interdisciplinary Centre for Security, Reliability and Trust (SnT) vun der Uni Lëtzebuerg. Als Member vum IRISC Grupp fuerscht si a Beräicher wéi Droit, Design an Ethik, an interesséiert sech besonnesch fir den Dateschutz. D'Wëssenschaftlerin verréit dem Max, ob si selwer d'Privacy Policy ëmmer iwwerall duerchliest, wéi et ëm Fraen an der Fuerschung steet a wou hir Léift fir d'Stad Bologna an de Museksgenre Roots Reggae hier kënnt.⁣ ⁣ Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu⁣
Apr 17, 2023
32 min
Mäin Element - Ben Thuy
Mam Bléck op d'Welt vu fréier probéieren, déi vun haut besser ze verstoen. Dat ass den Job vum Paläontolog Ben Thuy am Naturmusée. An dësem Episod zielt hien eis vun senger Begeeschterung fir ausgestuerwen Déieren a verréit, wéi ee sech fillt, wann een Iwwerreschter vun engem Dinosaurier fënnt. Hien erkläert och, firwat hien als Fuerscher vum Mier faszinéiert ass a wat et mat der ausgläichender Wierkung vun haarder Musek op sech huet. De Ben ass nämlech och e leidenschaftlechen Drummer.⁣⁣ ⁣⁣ Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu ⁣⁣⁣⁣ ⁣⁣ Entdeck dem Ben Thuy seng Band Sleepers' Guilt:⁣⁣ https://www.sleepersguilt.com⁣⁣ ⁣⁣ Méi iwwert 'Melusinaster alissawhitegluzae', benannt nom Sänger vun der Band Arch Enemy:⁣⁣ https://www.fnr.lu/research-with-impact-fnr-highlight/science-meets-rocknroll-palaeontologist
Feb 17, 2023
35 min
Mäin Element - Sébastien Faye
An dësem Episod dréint sech alles ronderëm de 5G. Mee firwat steet eigentlech de „G“? Déi Fro kann eis de Sébastien Faye beäntwerten. De franséische Fuerscher schafft aktuell um Belval am LIST u Verkéierskonzepter, digitale Klonen an och schonn um 6G. Ugefaangen huet beim Sébastien alles mam Windows95 bis et du weider gaangen ass mat eegene Websitten, déi di franséisch Videospill-Branche eruewert hunn.
Jan 9, 2023
31 min
Mäin Element - Leslie Ogorzaly
Am Podcast mam Leslie Ogorzaly hale mir d'Loft un an tauchen an d'Lëtzebuerger Kläranlagen. Hei kritt eis Invitée nämlech d'Prouwe fir hir Fuerschung an de Beräicher Virologie an Epidemiologie. D'Fuerscherin huet beispillsweis am "Corona-Step"-Projet kontrolléiert, wéi vill Spuere vum Coronavirus an de Kläranlagen ze fanne sinn. Ausserdeem gi mer gewuer, wéi sech d'Element Waasser duerch säi ganzt Liewen zitt.
Nov 30, 2022
31 min
Load more