Letz Talk
Letz Talk
Letz Talk
De beschte Podcast aus Lëtzebuerg fir kreativ- a businessorientéiert Leit.
S3#1 Steieren op Lottogewënner bezuelen? Oder ass et mei wahrscheinlech bei Squid Game ze gewannen?
Mir sinn erëm do an starten eis drëtt Pdcast-Saison!An dëser Episod geet et em 220 Milliounen Euro am Euromillion, d'Versteierung vun esou Lottogewënner an der neier Netflix Serie Squid Game. Doniewt, verrode mir iech och dat spannend Thema vun der nächster Episod.
Oct 24, 2021
44 min
Endlech sinn d'Terrassen rem op! Wat leeft mat den Immobiliepräisser hei am Land, an e neie Skandal-Produit.
Mir si bësse spït un, mee och mir sinn, genau wéi soss jiddereen hei am Land, frou, dass d'Terrassen endlech rem opginn!Wouriwwer net jiddereen frou ass, sinn d'Immobiliepräisser. Wéi, wou a wat, an dësem Podcast.Ahjo... e Skandal dierf natierlech och rem net feelen.
May 6, 2021
1 hr 3 min
Special Episode: D'Mini-Entreprise "PARTYDESCH"
Et gëtt dës Kéier just een Thema, an dat ass d'Mini-Entreprise "PARTYDESCH".Ween stécht do dohannert? Wat maachen se? Wat ass hiert Zil? A wéi leeën se sech dobäi un?Nieft e puer Tipps vun eis gi dir och gewuer wéi eng Erfarungen si bis elo gemaach hunn, wat iwwerhaapt alles vun Engagement an Aufgaben an esou enger Mini-Entreprise stécht an (wéi de Bruce sou gäre seet) villes méi, gëtt et an dëser Episod.
Mar 28, 2021
58 min
Et dierf ee Fraen ënnert de Rack knipsen! Wat sinn Insta Live Rooms? A gëtt et e Liewen nom Doud?
Kann een enger Fra wierklech ënnert de Rack knipsen, ouni dass engem eppes geschitt? Dat gitt dir nëmmen hei am Podcast an am Code pénal gewuer!Instagram huet eng nei Funktioun. "Insta Live Rooms"An exklusiv bei eis, d'Äntwert op d'Fro vum Liewen: "Gëtt et e Liewen nom Doud?"Wat iech an der anerer Welt (wann et se da gëtt) erwaart an nach vill méi, an dëser Episod vu LetzTalk.
Mar 14, 2021
59 min
LetzTalk sicht en Dubai Sponsor! Lëtzebuerg am Capitani-Fieber an alles iwwer déi nei gehyped App "Clubhouse"
Är Chance ass do! LetzTalk sicht e Sponsor fir eng Dubai Vakanz. Dir sidd intresséiert (sou wéi warscheinlech 100 aner Entreprisen) a wëllt méi Informatiounen? Da schreift eis ënner [email protected] mir scho bei Vakanze sinn, den Eric war zu Montpellier an hätt sollten op Malta mee wéinst Corona hu bei deenen zwou Destinatiounen sou munch Saachen net geklappt.Déi lëtzebuergesch Netflix-Serie Capitani huet grousse Succès gefeiert a natierlech wëlle mir iech eis Meenung dozou net virenthalen.Wien nach net bei "Clubhouse" invitéiert ginn ass, dee misst sech vläicht mol Gedanke maachen. Alles zu der neier App an nach vill méi an der dëser Episod vu LetzTalk.
Feb 28, 2021
1 hr 1 min
Reddit, WallStreetBets a Gamestop - mat engem Special Guest! Wéi vill hunn den Eric an de Seba mat Dodgecoin gemaach a wat ass dee ganze Pokémon Hype?
Wat war dann op reddit a bei Gamstop lass? Ass et gutt an eng "Hypeaktie" ze investéieren? Zesumme mat engem Special Guest si mir op dëst Thema agaangen. Ausserdeem gi dir gewuer wéi vill Suen de Seba an den Eric beim Dodgecoin Gamblen gemaach hunn a wat hannert dem Pokémon Hype stécht!
Feb 7, 2021
1 hr 6 min
Nationale Radiospot - Marketing Fail? Soll eise Podcast vun XXX iwwerholl ginn? Elon Musk - Gréissten Influencer
Villäicht hutt dir d'Reklamm iwwer déi mir schwätze selwer schonn héieren..? A villäicht hutt och dir iech gefrot, mee em wat geet et da lo iwwerhaapt? Mir fannen dat war en zimmleche Marketing Fail. Wéi eng Reklamm mir menge gëss de am Podcast gewuer.Ausserdeem kann een elo e Podcast op d'Been stellen, alles ophuelen a produzéiere meeee et ass alles fir en aneren. Ass dat e gutt Konzept?Ausserdeem geet et och nach bëssen ëm e Mann deen net méi u seng Bitcoin am Wäert vun 280$ Mio kënnt. An den Elon Musk, de gréissten Influencer?
Jan 25, 2021
1 hr 6 min
Meenungsfräiheet a Lëtzebuerg, wat bréngen Insta, Tiktok a Co a wien ass de Saygin Yalcin?
Neit Joer, nei Season, nei Episoden! LëtzTalk ass back an dat ab elo fest zu 3.Déi éischt Theme vum Joer sinn d'Meenungsfräiheet hei am Land, wat bréngen engem d'Social Media Plattforme wéi Insta, Tiktok a Co. a wien ass de Saygin YalcinDës a puer kléng Niewenthemen an dëser Episod vu LëtzTalk.
Jan 11, 2021
1 hr 19 min
Ep. 17 - Déi ganz Wouerecht zum Eric senger geklauter Rolex, COVID-Impfungen an e Special Guest
Sorry fir déi AUSNAMSWEIS bësse méi schlecht AudioqualitéitHaut geet et ëm déi Story, déi an de leschten Deeg d'ganz Land beweegt huet. Dem Eric seng geklaute Rolex. Ausserdeem diskutéiere mir iwwert déi zukünfteg COVID-Impfungen AN mir hunn e Special Guest. Sidd also gespaant.
Dec 4, 2020
51 min
Ep. 16 - Du wëlls 500 bis 1000€ zousätzlech am Mount verdingen? Dann lauschter elo dëse Podcast!
MLM, wat ass dat an kann een wierklech vill Suen domader verdingen? Dëst beäntweren mer an dëser Episod.
Jun 21, 2020
36 min
Load more