
De Marc Spautz hat scho bal all Posten an der Lëtzebuerger Politik an och an der CSV. An der Emissioun Lët'z Pod Rendez-Vous schwätzt hien awer och iwwert seng Zäit an der Gewerkschaft a seng kuerz Zäit als Minister. Donieft léiere mer de Privatmënsch, dat heescht Jeunesse-Fan a fréieren Äishockey-Spiller, besser kennen.
Sep 6, 2020
26 min

Eigentlech wollt hein Astronaut ginn. E gouf dunn awer Paschtouer an ass elo CSV-Deputéierten. Iwwer dee méi wéi ongewéinleche Wee an d'Politik schwätze mer mam Paul Galles. De Paul schwätzt ganz oppen iwwert seng Problemer mam Zölibat, iwwert seng vill Reesen, säi soziaalt Engagement an och wat et mat engem "Burger-Tagebuch" op sech huet. De Wujjelkapp am Lët'z Pod Rendez-Vous.
Aug 30, 2020
28 min

Als Sportler ass hie gewinnt op Victoiren hin ze schaffen, den Exploit bei de leschte Gemengewalen war dann awer och fir de sympateschen Escher eng Iwwerraschung. Wéi koum et dozou, wat hätt säi Papp de Josy gesot, a wat huet sech zanter Oktober 2017 am Liewe vum Georges Mischo geännert? Dat gitt der am Podcast op Itunes a Spotify gewuer. Donieft erzielt de fréieren RTL Lëtzebuerg Sportkorrespondent eis och vu sengem katastrophalen éischten Optrëtt beim Match Etzella-Maacher.
Aug 24, 2020
35 min

11 Joer Buergermeeschter vun der Gemeng Hesper, an 11 Joer als Deputéierten um Krautmaart, de Marc Lies ass sowuel als Gemengepapp vun der 7. gréisster Gemeng hei am Land, grad wéi och als Monsieur Logement vun der CSV e ganz engagéierte Politiker. Nieft der Politik ass Futtball säi gréissten Hobby an de gebiertegen Iechternacher hänkt mat Herz a mat Séil u sengem Land.
Aug 17, 2020
24 min

26 Joer um Krautmaart, 23 Joer an der Stater Mairei, de Laurent Mosar huet national- a gemengepolitesch gekuckt e kuerzen Aarbechtswee. De geléierten Affekot ass Schäffen vun der Stat Lëtzebuerg, a war vun 2009 bis 2013 Chamberpresident. De Laury, e Bouneweger Jong, ass sportbegeeschtert, ass Fan vun der italienescher Kichen, wollt eigentlech ëmmer Ambassadeur ginn a war wärend senger Studienzäit an der franséicher Haaptstat en Deel vum Paräiser Nuetsliewen.
Aug 10, 2020
30 min

10 Joer Radio, 10 Joer Telé an zanter iwwer 10 Joer Deputéierten. De Felix Eischen war deene meeschte Lëtzebuerger laang viru senger politescher Carrière bekannt.
Bei eisem Rendez-Vous mam Kielener Buergermeeschter schwätzt hien iwwert all déi Etapen a sengem Liewen. Wosst der, dass de Felix emol Wiert war an och an engem Film mat gespillt huet?
Aug 3, 2020
31 min

No eppes méi wéi 20 Joer an der Chamber zitt de Marco Schank ee Schlussstréch ënnert seng nationalpolitesch Carrière. An eisem éischte Podcast "Rendez-Vous" kucke mer mam Nord-Deputéierten op déi Zäit zeréck, mä mir intresséieren eis awer och fir de Privatmënsch an Auteur Marco Schank.
Jul 27, 2020
15 min

Wat geschitt am Fall vun enger zweeter Well? Domatter beschäftege mer eis am 4ten a leschten Deel vum Podcast iwwer Covid-19 Kris zu Lëtzebuerg. Wat huelen Martine Hansen, Gilles Roth a Léon Gloden privat mat aus dëser Kris?
Jul 3, 2020
6 min

Am drëtten Deel vum CSV Podcast iwwert d'Covid-19 Kris schwätzen d'Fraktiounspresidentin Martine Hansen an d'Vizepresidenten Léon Gloden a Gilles Roth iwwert d'Organisatioun an de Gemengen an an de Schoulen an och iwwert eng méiglech Sozialkris.
Jul 2, 2020
20 min

Am zweeten Deel vum Podcast iwwert d'Covid-19 Kris geet et ëm de Confinement. War de Lockdown richteg? Wat hätt ee réckbléckend kënnen/missen anescht maachen. D'Analys vu Martine Hansen, Gilles Roth a Léon Gloden.
Jul 1, 2020
8 min
Load more
