Show notes
Wann d’Saison bal eriwwer ass an de Public schonn esou lues de Programm vun der nächster Spillzäit entdecke kann, leeft an den Théâtres de la Ville de Luxembourg den TalentLAB - ee Kreatiouns-Laboratoire, an deem vun Enn Mee bis Ufank Juni Kulturschafender a Public zugläich eng dacks méi alternativ Programméierung entdecke kënnen, wärend sech an de Kulissen nei Projeten entwéckelen. Beim Jeff Schinker am Studio ass den Tom Leick-Burns, Direkter vum Groussen a vum Kapuzinertheater, fir iwwer de Programm an d’Héichpunkte vum TalentLab ze schwätzen.

