
Déi 11. Editioun vum TalentLAB ass voll um Lafen, een Event organiséiert vun de Stater Theateren, bei deem Kënschtler:innen eng Plattform gebuede gëtt, fir sech austauschen ze kënnen, un hire Projeten ze schaffen, ze kollaboréieren an Inspiratiounen ze sammelen. Dëst Joer maachen iwwer 100 Kënschtler:innen aus 19 verschiddene Länner mat. Nieft dem konsequente Workshop-Aspekt vum Evenement ginn et awer och eng Rei Spektakelen ze gesinn, déi iwwer déi lescht Deeg am Grand Théâtre an am Kapuzinertheater gelaf sinn. De Marc Clement schwätzt mam Luca Di Santolo iwwer zwee dovunner: déi kulinaresch Performance “Haribo Kimchi” an dann d’Danz- a Gesangsspektakel “Le Sacre”.
Jun 5

D'Hisae Ikenaga huet mexikanesch-japanesch Originnen: si ass 1977 zu Mexico-City gebuer, do och opgewuess, huet duerno Konscht zu Mexiko, da Kyoto, Barcelona a Madrid studéiert, éier si, viru gutt zéng Joer, hei an der Groussregioun ukoum. Hir multimedial Installatiounen hunn zu Lëtzebuerg ewell vill Succès; d'Hisae Ikenaga war Laureatin vum Luxembourg Encouragement for Artists Prize, kuerz LEAP, stellt heefeg aus, ënner anerem hat si 2024 eng grouss Eenzelausstellung an der Escher Konschthal, an duerch hir Lëtzebuerger Galerie konnt si u Konschtprojeten zu Bréissel deelhuelen. Momentan ass hir Installatioun "Anatomy of Use" am Kiosk zu Gand ze gesinn. D'Kerstin Thalau ass vun der Hisae Ikenaga an hirer Curatrice Charlotte Masse gewuer ginn, wéi et dozou koum.
Jun 5

De Lëtzebuergeschen Duo Cyclorama ass zanter gläich zwee Jorzengte Synonym fir psycheleschen a Kraut-influenzéierte Rock - zu Lëtzebuerg an doriwwer eraus. Een Cyclorama-Album ass ëmmer och eng Aventure. Muer kënnt dem Duo aus Sebasien Laas a Pierre Reyland hir nei Plack “Illuminated by Mirror Ball” eraus mat engem Release Concert an de Rotonden. Fir iwwer déi nei Plack ze schwätzen hu mir béid Bandmemberen an der Leitung.
Jun 5

Mir begleeden hei e CEO vun enger Firma, déi op allméiglech Aart a Weisen déi perséinlech Date vu Leit beschaaft a verkeeft. Mee wéi hien d'Firma verkafe wëllt, leeft säi Liewe komplett ausser Kontroll. De Simon Larsoche stellt eis dës Komedie-Serie vir.
Jun 4

Um Literaturfestival Etonnants voyageurs an der Bretagne huet d’Valerija Berdi sech mat den zwou Schrëftstellerinnen Hala Moughanie an der Maram al Masri ënnerhalen. Dëse Sonndeg kënnt Dir déi zwou Autorinnen héieren, wa si iwwer hiert Wierk awer och iwwer hiert Liewen an déi aktuell Situatioun an hire Länner schwätzen. Mir lauschteren e klengen Appetizer, hei mat Aussoe vun der libaneesescher Schrëftstellerin Hala Moughanie an der Emissioun Déi wonnerbar Valibrairie
Déi ganz Sendung mat literaresche Stëmmen aus Syrien an dem Libanon kënnt Dir de Sonndeg um 11 Auer lauschteren an duerno natierlech och an eiser Mediathéik.
Jun 4

Wann ee Kënschtler vun engem Grupp vu Konschtexperte mat “hors norme, hors temps” bewäert gëtt, huet en et eigentlech gepackt, oder? En plus kënnt dës Aschätzung net vum Konschtmaart a wier eventuell e Verkafstrick, mee aus eisem Nationalmusée. Doriwwer eraus geet et ëm eng lëtzebuergesch KënschtlerIN, an zwar eng, déi tëschént 1879 an 1947 gelieft huet, zu enger Zäit also, wou Fraen an der Reegel guer keng professionell Karriär am Konschtberäich maache konnten, ënner anerem well et keng Héichschoule fir si gouf. Den Owend ass um Fëschmaart de Vernissage vun der Expo “Berthe Brincour, une artiste hors norme et hors temps”. D’Kerstin Thalau ass am MNAHA fir vun der Expo-Commissairin Liz Hausemer méi gewuer ze ginn.
Jun 4

D’Congés annulés sinn ee Mount-laange Museksfestival an de Rotonden, deen déi grouss Decouvertë vum internationale Musekscircuit op Lëtzebuerg bréngt, an dat ganz entspaant. Am iwwerdaachten Haff oder bannen op der Bün deet sech vun 8 Auer owes eppes méi bei de Schinnen, vun der Ouverture de 24. Juli bis zum leschte Gig um 20. August. Vill Museksgenrë si vertrueden, vun alternativem Rock iwwer DIY-a-Mathrock bis zu Elektronik, Experimentellem a Pop. Iwwer ee Summer voll Musek schwätzt de Marc Clement mam Museksprogrammateur vun de Rotonden, dem Marc Hauser.
Jun 4

Keen anere Museker huet den Jazz esou gepräägt, wéi den Trompettist Miles Davis. Nach haut gëllt säin Album “Kind of Blue” als déi meescht verkaaften Jazzplack aus der Geschicht vum Genre. Seng Karriär hat awer och vill Déiften: hien huet sech misse géint Rassismus a Sucht duerchsetzen, a seng Fraen huet hie geschloen an ënnerdréckt. Dëst Joer wier hien 100 Joer al ginn. D’Claire Barthelemy kuckt op säi Liewen zeréck.
Jun 3

“Squatfabrik”: ënner deem Titel invitéiert d’Escher Kufa, zanter Fréijoersufank an allkéiers fir dräi Wochen, zwou/zwee Kënschtler:innen fir eng Kënschtler:inne-Residenz. Den Term ass eng Referenz op d’Originne vun der Kulturfabrik, wou Kreativer d’Areal besat haten, well de Lieu hinnen ideal geschéngt huet, fir ze kreéieren, fräi ze denken a sech auszedrécken. De fënnefte Juni invitéieren Iech d’Vietnameesin Hién Hoàng an d’Lëtzebuergerin Aurélie D’Incau op hire “get out”, also den Ofschloss vun hire Residenzen. D’Kerstin Thalau huet mat der Aurélie D’Incau e wéineg “gesquat”.
Jun 3

"Porn for the Blind": Dat kléngt no engem Widdersproch, tatsächlech stinn awer am Zentrum vum Victorien Robert sengem Stéck dräi Mënschen, déi Audiodescriptioune fir Pornofilmer ophuelen - fir datt och déi blann eppes dovunner hunn. Op Besuch beim Jeff Schinker am Studio ass mat der Metteuse en scène Pauline Collet an der Schauspillerin Clara Hertz de weiblechen Deel vun enger Produktioun, déi net mat ganz schlechte Wuertspiller gäizt - an trotz allem eng interessant Reflexioun iwwer d’Saturatioun u plakege Kierperen, déi mir haut um Internet opruffe kënnen, duerstellt.
Jun 2
Load more
