Kultur
Kultur
radio 100,7
Einfach verschwannen: Am Gespréich mam Max Blom a Florian Hirsch
1 seconds Posted Jun 1, 2026 at 11:10 am.
0:00
0:01
Download MP3
Show notes
"Disappear Here" heescht den neie Projet vum Max Blom, deen nom Stéck "High Fever" d’Iddi vu Sound an Textcollage weiderféiert a sech ganz mam Theema vum Verschwannen, vum sech lues a lues Opléisen, befaasst. De jonke Realisateur a säin Dramaturg Florian Hirsch si beim Jeff Schinker am Studio, fir sech mat him iwwer d’Stéck ze ënnerhalen.