
... Europa 1848/49 und der Kampf für eine neue Welt". Ee Virtrag a Gespréich mam Historiker Christopher Clark, dëst am Kader vum 20. Anniversaire vum Institut Pierre Werner, dem 175. Anniversaire vun der Chamber an der Ausstellung "1848 Revolutioun zu Lëtzebuerg" am Lëtzebuerger Nationalarchiv. De Virtrag stoung och am Zeechen vum Auteure-Forum “Das Blaue Sofa“ vu Bertelsmann, wou dem Auteur Christopher Clark säi rezent Buch mam selwechten Titel am Mëttelpunkt stoung.
De Christopher Clark, 1960 zu Sydney gebuer, léiert als Professer fir modern europäesch Geschicht um St. Catharine's College zu Cambridge.
D’Moderatioun hat de Samuel Hamen, hie schafft als Fräiberuffler a Literaturkritiker, ënner anerem fir den Deutschlandfunk, Zeit Online. Hie lieft zu Heidelberg an zu Dikrech.
De Virtrag an d’Gespréich goufen den 29. September 2023 an der Abtei Neimënster opgeholl. Montage: Carlo Link
D’Ausstellung "1848 Revolutioun zu Lëtzebuerg am Lëtzebuerger Nationalarchiv" ass verlängert bis de 24. Februar 2024.
Dec 10, 2023
55 min

D'Uni Lëtzebuerg, de Centre for Contemporary and Digital History (C²DH), d'Robert Schuman Initiative for European Affairs vun der Uni Lëtzebuerg, de Lycée de Garçons Esch, den European Merit Foundation, den European Movement Luxembourg, d'Representatioun vun der Europäescher Kommissioun vum Europaparlament zu Lëtzebuerg, an de radio 100,7 als Mediepartner, haten zesummen fir déi drëtt Editioun vun "Les mois de l'Europe" zu Esch-Uelzecht agelueden.
"L'Europe à l'heure des défis: réalités et perspectives", esou war den Discours mam Jean-Claude Juncker am Kader vun "2023 Robert Schuman, les mois de l'Europe" zu Esch-Uelzecht, iwwerschiwwen.
Jean-Claude Juncker © Uni Lëtzebuerg, Alexandre Germain
De Jean-Claude Juncker ass zanter 2021 President vun der Académie de Droit Européen, vun 2014-2019 war hie President vun der Europäescher Kommissioun, vun 2004-2013 President vum Eurogroupe a vun 1995-2013 Premier Minister vu Lëtzebuerg.
Eng Konferenz a franséischer Sprooch vum 7. Juli am Lycée de Garçons zu Esch, enregistréiert vun der Uni Lëtzebuerg / Montage: Carlo Link.
Jean-Claude Juncker an de Moderator Daniel Codello, Gemeng Esch © Uni Lëtzebuerg, Alexandre Germain
Froen-Äntwerten (Publikum)
Conclusiounen (Anne Calteux, Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg a Christoph Schroeder, Parlement européen au Luxembourg)
Lauschtert eran
Aug 15, 2023
55 min

© Chantal Maquet
Kolonialismus, Rassismus, Diskriminéierung ...
An hirer neier Graphik-Novell ënnersicht d'Lëtzebuerger Kënschtlerin Chantal Maquet d'Verbindung vu Lëtzebuerg zum Kolonialismus an de strukturelle Rassismus, fir dëse Phenomeen a Fro ze stellen an ze bekämpfen.
An de verschiddene Kapitele vun dësem Grafikroman benotzt d'Chantal Maquet hir Familljegeschicht fir Froen iwwer d'Lëtzebuerger kolonial Vergaangenheet, de Postkolonialismus a Rassismus am Allgemengen ze beäntweren. Fir Äntwerten op hir Froen ze fannen, hat Si Experte befrot:
Régis Moes, Historiker a Curator am Musée national d'histoire et d'art Luxembourg (MNHA).
Jean-Louis Zeien, President vu Fairtrade Lëtzebuerg.
Myriam Abaied an Antónia Ganeto vum IKL Intercultural Education Center.
"Kolonialismus, Rassismus, Diskriminéierung - Dat huet jo näischt mat mir ze dinn", e Virtrag opgeholl de 4. Juni 2023 am CUBE 521 zu Maarnech.
Enregistrement a Montage: Carlo Link
Panorama "Wou stees du? aus der Ausstellung: "dat huet jo näischt mat mir ze dinn" vum Chantal Maquet an der Galerie Nei Liicht zu Diddeleng, 2021. © Mike Zenari
Perséinlech Fro: Sinn ech rassistesch?
D'Lëtzebuerger Kënschtlerin Chantal Maquet, Gewënnerin vum Prix Pierre Werner 2022, lieft a schafft zu Hamburg, si ass de Moment fir e Projet an der Kënschtlerresidenz, den Ermitage zu Klierf.
D'Graphik-Novell vum Chantal Maquet, ass ze kréien an all gutt Bichergeschäft
Jun 23, 2023
1 hr

Conférence et entretien du 18 avril au Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster, pour essayer de comprendre la situation actuelle et l'utilisation de l'histoire dans cette guerre d'agression de la Russie contre l'Ukraine.
En février 2022, la guerre a fait son retour sur le continent européen. Après la révolution de Maïdan en 2014, l'annexion de la Crimée et les huit années de guerre dans le Donbass, la guerre de 2022 a pris une nouvelle dimension en s'étendant à toute l'Ukraine. Du côté russe, cette guerre est justifiée par des falsifications et des manipulations de l'histoire.
La conférence, en français et allemand, vise à donner des clés pour comprendre les dimensions historiques très présentes de ce conflit. A travers la discussion de plusieurs experts et historiens de Russie, d'Ukraine, d'URSS et des pays et sociétés post-soviétiques, cette conférence vise à mettre en avant la dimension historique du conflit et à fournir une bonne clé de compréhension des dimensions historiques très présentes de ce conflit. Elle proposera une rétrospective de l'histoire de l'Ukraine au 20e siècle, mais aussi un regard sur l'histoire du début du 21e siècle pour éclaircir la situation actuelle et l'utilisation de l'histoire dans cette guerre d'agression de la Russie contre l'Ukraine.
Les historiens Alain Blum et Tanja Penter donneront des clés pour essayer de comprendre la situation actuelle.
Modération: Philippe Schockweiler, Journaliste
Enregistrement: IPW / Montage: Carlo Link
Écouter la suite de la conférence (questions / réponses)
Tanja Penter, Philippe Schockweiler, Alain Blum ©IPW
Biographies:
Alain Blum est un historien et démographe français, né le 31 décembre 1958. ll est directeur de recherche de l'Institut national d'études démographiques (INED), directeur d'études associé à l'École des hautes études en sciences sociales (EHESS). Il a été directeur du Centre d'études des mondes russe, caucasien et centre-européen (CERCEC) jusqu'au 2012. Alain Blum est membre du comité de rédaction de la revue Kritika - Explorations in Russian and Eurasian History et, depuis 1998, des Cahiers du monde russe.
Tanja Penter est professeur d'histoire de l'Europe de l'Est à l'Université de Heidelberg depuis 2013. En 1999, elle a obtenu son doctorat à l'université de Cologne avec une thèse sur la Révolution Russe de 1917. En 2008, elle a soutenu sa thèse d'habilitation à l'université de la Ruhr à Bochum sur les expériences de travail et de vie quotidienne de la population du bassin ukrainien du Donetsk sous la domination stalinienne et nationale-socialiste.
May 18, 2023
56 min

Esou war eng Manifestatioun de 4. Mee am Kader vum Europadag 2023 an am Zesummenhang mat der Inauguratioun vun enger Ausstellung an der Gemeng Esch-Uelzecht iwwerschriwwen. Agelueden haten d'Uni Lëtzebuerg, de Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History, d'Stad Esch an d'Europaparlament.
Mir héieren Extraiten vun dësen Intervenanten:
Georges Mischo, Deputé-Maire vun Esch
Prof. Dr Jens Kreisel, Rektor vun der Uni Lëtzebuerg
Dr. Elena Danescou, Coordinatrice vum Europe Direct vun der Uni Lëtzebuerg
Dr Ludovic Delepine, Chef de l'Unité des Archives du Parlement européen (Vir-enregistréierten Message)
Dr. Étienne Deschamps, Historiker vum Service de recherche vum Europäesche Parlament
Marc Angel, Lëtzebuerger Europadeputéierte a Vizepresident vum Europäesche Parlament, hien hat iwwer déi nei Erausfuerderungen an d'Zukunft vun Europa geschwat
Christoph Schroeder, Chef du Bureau de Liaison du Parlement européen au Luxembourg
Anne Calteux, Vertriederin vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg
Enregistrement a Montage: Carlo Link - Technik: Gemeng Esch
D'Ausstellung, déi bis de 7. Juli 2023 an der Escher Gemeng ze gesinn ass, wäert als Plaz fir Studiendeeg a Seminären déngen, fir déi Jonk op d'Geschicht vum europäesche Bau am Zäitalter vun der Digitaliséierung ze sensibiliséieren an d'Multimedia Archiwe kritesch ze ënnersichen.
Ausstellung iwwer de Robert Schuman @Gemeng Esch
May 9, 2023
55 min

Buch-Cover: "Global Citizenship - Perspektiven einer Weltgemeinschaft". Foto vun der Raumstatioun MIR '97. Riets den Dr. Roland Bernecker bei der Konferenz/Gespréich (23.03.23)
"Die vielen Kulturen müssen begreifen, dass sie auf überwiegend getrennte Vergangenheiten zurückschauen und auf überwiegend gemeinsame Zukünfte vorausblicken", esou deen däitsche Philosoph a Publizist Peter Sloterdijk 2018. Dëst Zitat beschreift d'Fuerderung un d'Global Citizenship (d'Weltbiergerschaft) ganz gutt.
"Was nun, global citizen? - Die Zukunft des planetarischen Bewusstseins im Zeitalter von Klimawandel, Krieg und Kulturkämpfen"
Den 23. Mäerz 2023 hunn den Dr. Roland Bernecker a Samuel Hamen iwwer dëst Theema am Neimënster diskutéiert. Et goung ënner anerem dorëms, wou de Begrëff Global Citizenship entstanen ass, a wéi eng Roll de Begrëff haut fir eis, ënner den aktuelle politeschen an ökologesche Konditiounen, nach spille kann.
Organiséiert vun der Commission luxembourgeoise pour l'Unesco an dem Institut Pierre Werner, mat der Ënnerstëtzung vum Neimënster.
Enregistrement: IPW / Montage: Carlo Link
Biografien vun den Intervenanten:
Den Dr. Roland Bernecker ass 1961 zu Bendorf/Rhein gebuer, hie war vun 2004 bis 2019 Generalsekretär vun der däitscher UNESCO-Kommissioun. Nodeems hien zu Frankfurt/Main Literatur a Philosophie studéiert hat, huet hien iwwer déi europäesch Opklärung promouvéiert. No Fuerschungs- a Léier-Aktivitéiten an Däitschland, Italien a Frankräich, war hien Direkter vum franséisch-däitsche Kulturinstitut zu Nantes. Hie gouf 1998 Kulturberoder vun der däitscher UNESCO-Kommissioun a vun 2002 bis 2004 huet hien am Auswärtigen Amt geschafft zu Berlin geschafft.
De Samuel Hamen schafft als Freelance Schrëftsteller zu Dikrech an Heidelberg. Hie krut ënner anerem 2020 de Lëtzebuerger Buchpräis an 2022 gouf hie mat engem Stipendium vun der Roger-Willemsen-Stëftung ausgezeechent.
Dr. Roland Bernecker (l.) a Samuel Hamen, Moderator vum Zyklus Global Citizenship (© IPW)
D'Buch: "Global Citizenship - Perspektiven einer Weltgemeinschaft" vun den Auteuren Roland Bernecker a Ronald Grätz koum 2017 am Steidl Verlag eraus.
"Blue Marble" (Blo Jick), vun der an der Konferenz geschwaat gouf, ass eng bekannte Foto vun der Äerd déi d'Crew vun der Apollo 17, am Joer 1972 aus enger Distanz vu ronn 29.000 km, gemach hat (© NASA)
Lauschtert d'Aleedung: Simone Beck (Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun)
Apr 9, 2023
55 min

De Melitta Mann an d'Klementine ware gëschter, d'Reklamm vun haut gesäit anescht aus an huet vill méi Afloss. Influencer:inne prägen d'Plattforme wéi Instagram, YouTube an TikTok, si guidéieren a manipuléiere Millioune vun Unhänger an hire Kafentscheedungen, si maache Publicitéit, net nëmme fir Produkter, mee och fir en neoliberale Liewensstil an zweiwelhaft Kierperbilder.
D'Podcaster an d'Auteure vun "Influencer - Die Ideologie der Werbekörper" (2021), Ole Nymoen a Wolfgang M. Schmitt, analyséieren e Phenomeen, dee vill iwwer d'Stagnatioun vun der Wirtschaft souwéi iwwer Postdemokratie verréit.
Eng Live-Performance "Influencer-Late-Night-Show" vum 21. Oktober, organiséiert vum europäesche Kulturzentrum IPW, Institut Pierre Werner, am Kader vun der Serie Politik a Gesellschaft.
Enregistrement: IPW - Montage: Carlo Link
Biographien:
De Wolfgang M. Schmitt bedreift zanter 2011 den YouTube-Kanal "Die Filmanalyse" ënner dem Motto "Kino anders gedacht!" An hirem gemeinsame Podcast "Wohlstand für alle" schwätzt hie mam Ole Nymoen iwwer Geld, wéi och d'Geschicht vu wirtschaftlechen Iddien a politescher Wirtschaft.
Den Ole Nymoen studéiert Soziologie an Ekonomie zu Jena a schafft als Freelance Journalist. Zesumme mam Wolfgang M. Schmitt schwätzt hien an hirem gemeinsame Podcast.
Am Joer 2021 hate si hiert Buch "Influencer - Die Ideologie der Werbekörper" am Suhrkamp Verlag publizéiert.
Ole Nymoen a Wolfgang M. Schmitt © (Podcaster an Auteuren)
Lauschtert d'Fortsetzung vun der Live Performance
Mar 12, 2023
1 hr
Load more
