
De Mëttelstand an d'Handwierk: Réckgrat vun der Economie oder organisatoreschen Auslafsmodell?
D'Alexa Ballmann diskutéiert mam Wirtschaftsminister Lex Delles iwwert d'Chancen an d'Erausfuederungen vun de Betriber.
Feb 3, 2025
50 min

Muss eise Pensiounssystem dringend reforméiert ginn, oder ass „wait and see“ déi besser Strategie?
Iwwert dëse Sujet gëtt zu Lëtzebuerg aktuell hefteg – a virun allem kontrovers – diskutéiert. Firwat interesséiert sech d'Fonction publique op eemol fir de private System? Baséieren eis Rente wierklech op engem Schnéiballsystem? Wéi ass et mat de Baby- a Studiejoren? A virun allem: wéi kann a soll ech als Chef(fe) d’entreprise dës Entwécklunge fir mech a meng Salarié(e) preparéieren?
Dëse Froe geet d'Alexa Ballmann op de Gronn: „Wéi gesäit et dann elo wierklech mat eise Renten aus, a kréien ech nach eng?“ Doriwwer schwätzt d’Alexa Ballmann mam Marc Wagener, Direkter vun der Union des Entreprises Luxembourgeoises (UEL).
Dir wëllt méi iwwert d'Fédération des Artisans gewuer ginn? https://www.fda.lu
Dec 19, 2024
33 min
