Kaarten op den Dësch
Kaarten op den Dësch
radio 100,7
Ronndëschgespréich vun der Redaktioun
Debat am Virfeld vun den Europawalen
Déi europäesch Wirtschaft leit ënner héijen Zënsen, deierer Energie an der Konkurrenz aus China an den USA. Wéi soll d’EU domat ëmgoen? Dat ass d’Theema vun eiser offizieller Table ronde virun den Europawalen mat Vertrieder:inne vun alle Parteien.
May 19, 2024
Table Ronde virun de Chamberwalen: Klima a Logement
Haut an dräi Woche gëtt eng nei Chamber gewielt. Op der grousser Table ronde schwätze mir mat Vertrieder vun zéng Parteien, déi den 8. Oktober untrieden, an déi d’Krittäre vun der ALIA (Autorité luxembourgeoise indépendante de l'audiovisuel) erfëlle fir bei dësem Ronndëschgespréich dobäi ze sinn. D'Theeme sinn de Wunnengsbau an de Klimaschutz. Am Studio sinn dës zéng Kandidaten: fir d’Lëscht 1 - LSAP: Yves Cruchten fir d’Lëscht 2 - DP: Max Hahn fir d’Lëscht 3 - déi gréng: Henri Kox fir d’Lëscht 4 - CSV: Stéphanie Weydert fir d’Lëscht 5 - déi Lénk: Gary Diderich fir d’Lëscht 6 - ADR: Tom Weidig fir d’Lëscht 7 - Piratepartei: Yann Retter fir d’Lëscht 9 - Fokus: Frank Engel fir d’Lëscht 11 – KPL: Alain Herman fir d’Lëscht 12 - Liberté-Fräiheet: Perrine Felix
Sep 17, 2023
1 hr 30 min
Gemengewalen an der Stad
Table ronde mat Vertrieder vun den aacht Parteien, déi den 11. Juni mat komplette Lëschten an der Stad Lëtzebuerg untrieden. Et diskutéieren: Patrick Goldschmidt (DP) Elisabeth Margue (CSV) Claudie Reyland (déi gréng) Maxime Miltgen (LSAP) Ana Correia da Veiga (déi Lénk) Alex Penning (ADR) Jean Heuschling (Piraten) Marc Ruppert (Fokus) Moderatioun: Maurice Molitor
May 21, 2023
Energietransitioun - ass Lëtzebuerg um gudde Wee?
Ëmmer méi Leit kafe sech en Elektroauto oder denken doriwwer no eng Solaranlag op hiren Daach ze leeën. Mee heescht dat och, datt Lëtzebuerg amgaang ass e Musterschüler a Saache Klimaschutz an Energieeffizienz ze ginn? A wat kann ee sech vum neie Klima- an Energieplang vun der Regierung erwaarden? Iwwer d'Energietransitioun schwätzt d'Christiane Kleer mam Unisprofesser Stefan Maas, mam Direkter vu Greepeace Lëtzebuerg Raymond Aendekerk a mam President vun Eurosolar Lëtzebuerg Paul Zens.
Apr 23, 2023
Wat ass nach vu blo-rout-gréng ze erwaarden?
A 36 Woche gi mir wielen. Gëtt nach konstruktiv zesummegeschafft oder gëtt sech profiléiert? Kënnt nach eppes oder gëtt virun allem gekaazt? Et diskutéieren d'Fraktiounscheffe vun den dräi Majoritéitsparteien Gilles Baum (DP), Yves Cruchten (LSAP) a Josée Lorsché (déi gréng). Moderatioun: Maurice Molitor
Jan 29, 2023
Wat muss an der Schoul änneren?
De Lëtzebuerger Schoulsystem schneit an internationale Vergläicher net gutt of, well e manner performant a méi ongerecht ass. Dorëms geet et an eiser sechsdeeleger Podcast-Serie "Schlechte Schüler". Mee wat muss änneren? Doriwwer diskutéiert d'Pia Oppel mam DP-Educatiounsminister Claude Meisch a mat zwou Léierinnen a Gewerkschaftsvertriederinnen, der Vanessa Schetgen vum SNE an der Joëlle Damé vum SEW.
Dec 18, 2022
Schlechte Schüler: Episod 6
Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? Ëm déi Fro geet et an eiser sechsdeeleger Reportage-Serie "Schlechte Schüler", déi Dir hei integral fannt. Déi sechst a lescht Episod vun dëser Serie diffuséiere mir hei am Virfeld vun engem Ronndëschgespréich. Am zweeten Deel vu Kaarten op den Dësch sinn dräi Gäscht live am Studio fir doriwwer ze diskutéieren, wat an der Schoul muss änneren. Dat sinn nieft dem DP-Educatiounsminister Claude Meisch zwou Léierinnen a Gewerkschaftsvertriederinnen, d'Vanessa Schetgen vum SNE an d'Joëlle Damé vum SEW.
Dec 18, 2022
Load more