intensiv primitiv
intensiv primitiv
Max Heil, Dani Cavalieri, Eldoradio
Hautdesdaags probéiert iergendwéi quasi jiddereen, sech no baussen esou perfekt a feelerfräi ewéi méiglech ze weisen. D’Gesellschaft erlaabt dacks keng Feeler, obwuel d’Perfektioun net vun dëser Welt ass. Eng Approche déi vill Leit dozou bréngt sech bewosst oder onbewosst ze verstellen an deemno och onglécklech ze sinn, well bannendran si mer dach alleguer primitiv. Déi eng méi, déi aner manner. A genau déi Primitivitéit loossen de Max an den Dani am Podcast eraus. Themen déi am Alldag fir Gespréich suergen, gräifen déi zwee op an thematiséieren déi op hir eegen Aart a Weis mat vill Witz a Gegecks. Déi zwee si Kapp an Aarsch, woubäi nach net kloer ass wien de Kapp ass. Dat bréngt mat sech, dass se vill zesummen erliewen, virun allem komesch an aussergewéinlech Situatiounen an déi se sech deemno och selwer era manövréieren. Alles dat erwaart iech am Podcast Intensiv Primitiv. All éischten Donneschden am Mount kënnt eng nei Episod eraus.
Episod 21 – Déi kreativ Paus ass eriwwer
De Max an den Dani hu sech e bësse Luxus gegënnt an eng kreativ Paus ageluecht. Ma mat der neier Episod ass déi dann elo och offiziell eriwwer. Allenzwee hunn se d’Zäit ee bësse genotzt fir sech selwer ze verwierklechen. Erauskomm ass dobäi selbstverständlech näischt. Ma an deene vergaangen Deeg ass allerdéngs relativ vill passéiert, wat déi Zwee dann an dëser Episod revu passéiere loossen an dat natierlech op déi gewinnten, lëschteg an net alt ze serieux Aart a Weis. Vill Spaass beim lauschteren.
Jun 16, 2022
32 min
Episod 20 - Am Gespréich mam Jil Devresse
Vue, dass dëst Episod scho mëttlerweil déi zwanzegst ass, hunn de Max an den Dani ee ganz grousse Gaascht an de Podcast geholl an zwar soss keen anert wéi d’Jil Devresse. Eng lëtzebuergesch Schauspillerin déi der héchstwarscheinlech alleguerte kennt an zwar aus der éischter Staffel vu "Capitani". D'Jil huet do nämlech d’Roll vum Jenny Engel gespillt. Wéi et am Liewe vun der jonker Schauspillerin ausgesäit, wéi et zu deem Beruff komm ass a wat an Zukunft ze erwaarden ass gëtt et alles an dëser Episod.
Apr 28, 2022
45 min
Episod 19 - Op Besuch "Daniel's Kitchen Show" mam Evelyna
Nodeems de Max an den Dani an der leschter Episod mam Evelyna Exclusiv iwwert d'Liewen als Eskort-Damm hei zu Lëtzebuerg geschwat hunn, huet d'Evelyna deenen zwee och gezielt, dass den Daniel aus der "Daniel's Kitchen Show", säi beschte Kolleeg ass. Natierlech hunn de Max an den Dani sech déi Geleeënheet net entgoe gelooss an se allen zwee an de Podcast invitéiert.
Apr 21, 2022
42 min
18 - Evelyna Exclusiv
De Max an den Dani halen hier Verspriechen. Bei der leschter Episod war den Invité leider kuerzfristeg ofgesprongen esou, dass et elo fir dës Episod dann awer geklappt huet. Op Besuch am Studio haten de Max an den Dani soss keen anere wéi d’Evelyna Exclusiv, eng Damm aus der Erotik-Branche. Déi dräi hunn iwwert alles geschwat wat et esou ze schwätze gëtt a kloer gemaach, dass jiddereen esou ka si wéi e wëll, ouni sech vun anere Leit domm Remarke musse gefalen ze loossen.
Mar 30, 2022
36 min
17 - Spontan ass de Brudder vun Delikat
De Max an den Dani melle sech mat enger neier Episod zeréck. Allerdéngs ass déi ganz anescht verlaf wéi dat geplangt war. Um Planning stoung ee Special-Guest, dee leier kuerzfristeg huet missten ofsoen. Wat natierlech mat sech bréngt, dass déi zwee nees dat hu misste maache wat se am beschte kënnen, nämlech improviséieren. Wat an dësem Fall zu zwou ganz delikaten Diskussioun gefouert huet.
Mar 10, 2022
20 min
16 – Iwwert Capitani an Insel-Präisser
D’Episod 16 ass dann elo offiziell dobaussen an ass och ee Vidcast. D’Jonge vun Intensiv Primitiv kann een also och dëst Kéier net just lauschtere mee och kucken. An dëser Episod geet et dann ëm Aktuell Sujeten, wéi zum Beispill déi lëtzebuergesch Serie «Capitani», wéi ee sech op der Welt eng Insel kafe kann an a wéi enger Relatioun déi mat de Wunnengspräisser hei zu Lëtzebuerg stinn. Eng Thematik déi natierlech net einfach ze verdauen ass. Virun allem da wann ee bedenkt, dass ee fir de Präis vun engem Appartement zu Lëtzebuerg, op de Bahamas eng ganz Insel kafe kann.
Feb 24, 2022
29 min
15 - Ee Star an den eegene Reien
Nodeems de Max an den Dani effektiv eng Woch hu missten aussetzen an dowéinst kee Podcast eraus komm ass, hu se sech fir déi nei Episod elo eppes ganz Besonnesches ausgeduecht. Et ass nämlech déi éischten Episod déi komplett gefilmt ginn ass. Domat awer nach net genuch: Déi zwee hunn nämlech an der Vergaangenheet vun engem Eldo-Mataarbéchter gewullt a sinn dobäi op eppes ganz nteressantes gestouss. Ëm wien et hei geet a virun allem wat do un d'Luucht komm ass, gëtt een am Detail an dëser Episod 15 erkläert an zwar zesumme mat deem Concernéierten. Eppes kann een awer elo scho mol soen an zwar, dass ee verstoppten Talent entdeckt gouf.
Feb 10, 2022
29 min
14 - Top Secret aus den Archiven
De Max an den Dani sinn aus hierer klenger Chrëschtvakanz-Paus zeréck an dat mat der Episod 14. Eng Episod déi et a sech huet. Nodeems déi zwee nämlech vum Chef erwëscht gi si wéi se an den Archive gewullt hunn, kruten se 2 Woche Kontaktverbued. D’Archive beim Eldo sin helleg a wann déi zwee doranner wullen, dann heescht dat definitiv näischt Guddes … fir de Chef. Se hunn nämlech no enger Testsendung gesicht, déi se virun ongeféier engem Joer wärend der Ausgangsspär opgeholl hunn. Eng Sendung déi, nodeems de BigBoss se gelauschtert huet, net huet dierften ausgestraalt ginn. A genau déi Sendung hunn de Max an den Dani erëm fonnt, schéi propper zesumme geschnidden an an de Podcast gepak. Wisou elo den Dani vum Max aus enger Telefonskabinn ugeruff kritt, gëtt ee just an dëser Episod gewuer.
Jan 13, 2022
30 min
13 - Wisou dadäiwel?
An der mëttlerweil 13er Episod vun Intensiv Primitiv, hunn de Max an den Dani sech am debattéiere probéiert an iwwert Thema geschwat wéi zum Beispill, de grousse Alkoholkonsum bei de Leit. Donierft ass de Max awer och um Sprong a Richtung Dublin, do huet hien nämlech eng potentiell Entrevue mam Conor Mcgregor an net ze vergiessen ass ee leschte wichtege Sujet an zwar d’Fussball-WM am Katar déi zum Schluss vum nächste Joer ass.
Dec 16, 2021
34 min
12 - Iwwert Zoom a Chrëschtkaddoen
Esou lues awer sécher beweege mer eis nees a Richtung Homeoffice. Natierlech heescht dat och nees, dass Video-Konferenzen um Dagesplang stinn. Esou Konferenze kënne fir deen een oder aneren och schlecht ausgoen. Den Dani erkläert dat un engem Fallbeispill. Donieft ass dann och gläich Chrëschtdag, wou de Max sech dann ëmmer nees méi bewosst gëtt, dass hie keng Kaddoe brauch.
Dec 2, 2021
31 min
Load more