Gamer Things
Gamer Things
Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio
Dréi Gaming Nerds setzen sech zesummen a philosophéieren doriwwer wat grad alles an der Gamingwelt geschitt. Zousätzlech dozou erzielen si iech wat all Mount am PS Plus ze kréien ass a wéi eng Pärelen sech all Mount am XBOX GamePass befannen. Wann dir dann och nach déi eng oder di aner Review héiere wëllt, da sidd dir beim Petz, Marc a Winmi genau richteg.
Episod 12: D'Game Awards
D'Game Awards si laascht an dobäi krute mir ganz vill Traileren ze gesinn. Wat mir dann dovun halen a wat eis am Joer 2022 erwaart, dat gesitt dir an dëser Episod Gamer Things.
Dec 21, 2021
1 hr 10 min
Episod 11: RECKBLECKEND MUSS EE SOEN...
... 2021 war definitiv e Joer. E Joer an dem och erëm Spiller rauskomm sinn. Wéi eng waren da fir eis 3 Gamer Topps a wéi eng Flopps? Doriwwer gëtt diskutéiert. Maacht mat a schreift eis wat fir Iech dann déi flottst (oder miesst) Gaming-Erënnerung vum Joer? Vill Spaass mat dëser Episod.
Dec 8, 2021
1 hr 9 min
Episod 10: HALO KLINGT, BATTLEFIELD STINKT GTA LEGT EIN EI
D'Jonge vu Gamer Things diskutéieren iwwert déi grouss Releasen am November. Dorënner dat laang erwaardend Battlefield2042 den alljärleche Call of Duty, an den Release vum Halo: Multiplayer. Awer och GTA Devinitive Edition an Edlen Scrolls a villes méi! Dës Folleg leider ouni de Petz, mee deen ass sécher déi nächste Kéier erëm dobäi!
Nov 25, 2021
1 hr 17 min
Episod 9: Guardians of the Galaxy, Far Cry 6 an Woodkid
Mir hunn fir iech an dëser Episod en Interview mam Woodkid an dobäi hunn mir mol Guardians of the Galaxy a Far Cry 6 ënnert d'Lupp geholl. Dobäi huet de Marc nach missen seng Roserei iwwert Kena erausloossen.
Nov 3, 2021
1 hr 8 min
Episod 8 - Battlefield 2042 Beta Versioun Review
Impressioune vun der Battlefield 2042 Beta. Erwaart eis do endlech erëm en Battlefield op daat mer sou laang gewaart hunn oder gesinn do en rise Flopp op eis zoukommen? Wat gutt gaangen ass a waat definitif nach muss geännert ginn! Zéckt net alles nach dobäi ze schreiwe wat mer eventuell vergiess hunn, wou der eis Recht gitt a wou mer ärer Meenung no total dernieft leien! Vill Spaass!
Oct 20, 2021
1 hr
Episod 7 - NEW WORLD, Kena Bridge of Spirits an Hierschtgefiller
Amazon huet mat New World en neit MMORPG erausbruecht a brécht Rekorder. Ausserdeem huet den Hierscht ugefaange an dat mécht eisen 3 Gamer nach méi Loscht ze Gamen, dat awer ënnert der Decken a mat enger gudder Taass Téi. Mir wënschen iech ganz vill Spaass mat dëser Episod.
Oct 6, 2021
1 hr 14 min
Episod 6: Playstation Showcase, den neie Shooter Splitgate an Deatloop
Mir hunn erëm eng vollgepaakte Sendung fir iech. Net nëmmen dass mir déi zwee Spiller Deathloop a Splitgate an der Review hunn. Nee mir hunn och nach de gesamte Playstation Showcase ze beschwätzen. An do war esou munches ze gesinn. Mir wënschen iech ganz vill Spaass mat dëser Episod!
Sep 22, 2021
1 hr 24 min
Episod 5: GAMESCOM 2021 a wat dëst Joer nach op eis zoukënnt!
No der Summerpaus maache mir eng klenge Réckbléck op d'Gamescom Presentatioun 2021 a Call Of Duty Vanguard! Natierlech kenne mer net all Eenzel Spiller déi op der Gamescom uschwätzen, also wann mer eent vergiess hunn wat iech besonnesch interesséiert huet an ob dir eiser Meenung sinn oder net, kennt der eis roueg als Kommentar wësse loossen!  Mir si frou erëm zeréck ze sinn a freeën eis op en neit Gaming Joer!
Sep 5, 2021
1 hr 4 min
Episod 4: EA Play an UBISOFT Announcement (GONE WRONG) plus STEAM DECK
An dëser Episod diskutéiere mer déi dësjäreg EA Play, oder och "die vielleicht schlechteste (not-E3) Präsentation der Welt"? Ausserdeem schwäerme mer e bësse fir den nei ugekënnegte Steam Deck vu Valve, an allgemeng erfreeë mer eis drun endlech rëm mateneen kënnen ze laberen! Vill Spaass!
Jul 25, 2021
1 hr 33 min
Episod 3: Special Guest T the Boss!
Mir hunn mol erëm eng Kéier eng schéin Special Episode fir iech. An zwar ass des Kéier den T the Boss zu Gaascht. An wat hien alles gären zockt a wat seng Liblingsspiller sinn, dat fannt dir hei bei Gamer Things eraus.
Jul 10, 2021
1 hr 12 min
Load more