Show notes
Am Delikatessebutték vun de Lëtzebuerger Podcasten hues du dech also fir dat Stéck Zoossiss mat engem groe Filz entscheet.
Mee keng Angscht, d'Synapsen gi just kuerz ugestrengt, well de Joe huet d'Regie iwwer dësen Episode. Dofir begi mir eis nom Thema Ausschwitz direkt op intellektuellen Tauchgang, a versuergen dech wéi gewinnt mat 'geistiger Umnachtung', wéi se am großdeutschen Reich soen.
(Jo, dat war e Witz iwwer d'drëtt Räich, obwuel et an dëser Folge em den Holocaust geet.)
Hei dann och nach d'Resultat aus der representativer Statec-Emfro, déi mir an Optrag ginn hunn:
Vun eis dräi Eenzeller ass de Baschti dee beléiftsten Podcastmember (97,69% vun de Befroten hunn dat uginn, 2,3% ware fir de Pippo, nom Joe gouf net gefrot). Verhältnisser wéi an Nordkorea, just dass et hei wouer ass.

