
Fir den Ofschloss vun der Saison an den Ofschoss vum Summer ze feieren, stierze mir eis an d'Vakanzentipps, déi dir onbedéngt nach fir déi kommend Woche braucht.An no der Fold stierze mir eis direkt an de Summerschlof, dee mat Dom Pérignon a Wachteleeër standesgemäss erbäigefouert gëtt. Vill Spaass, a bis am Hierscht!DK HMDL, är 3 Idiote vun der Tankstell
Jul 27
51 min

Canicule? Technesch Problemer? Politesch sensibel Themen?Ass eis alles egal. Mir maachen et sou, wéi eisen Här, den T the Boss, et schonn ëmmer gepriedegt huet: Mir bleiwe staark, mir ginn eise Wee.Mat Themen vun A wéi Fifa-Skandal bis Z wéi Zäppchen ass nees fir vill onnëtzt Hallewwësse gesuergt. Dofir sti mir mat eisem Numm.
Jul 13
1 hr 4 min

Lëtzebuerg schweesst sech duerch d'Hëtzt, a mir leeën nach e puer déck Stécker Holz op d'Feier: De Pippo zielt vu sengem Aura Farming um Nationalfeierdag, de Joe seet der ganzer Welt Merci (?!) an de Baschti ass weiderhinn keen nationale Fussballheld. Dozou geselle sech weider Themen, déi fir en Hëtzschlag suerge kënnen.
Jun 26
1 hr 2 min

Zu Éiere vun der Fussballweltmeeschterschaft gëtt iech d'Erklär&Orakel eng 100% zouverlässeg Ausso, wien d'Coupe gewënnt. Genee sou héich ginn och dem Baschti seng Chancen ageschat, fir sech um Gala-Derby mat de Lëtzebuerger Allstars ze blaméieren. De Pippo setzt sech vehement fir eng permanent Abseitsfal an & versuergt eis mat enger Prise Informatioun. An de Joe ass wéi gewinnt och do.
Jun 8
58 min

Eng Péngschtmass to go - mat Grillrankings, Muskbashing an dem Joe senger vertrauter "Jérémy!"-Routine. De Summer kënnt mat Vollgas op de Grand-Duché duer a mir probéieren nach emol all déi wichteg Saachen unzeschwätzen, déi ee wësse muss, befier et lassgeet mat den Open-Air-Festivals, Grillfester a Bukkakeorgien.
May 25
47 min

Direkt no engem sportlechen Exploit (en Tournage, de vollen Ausmooss vun dëser Peinlechkeet gesitt dir geschwënn) setze mir eis zesummen, fir Drock ofzeloossen. Tëscht Robofësch a Summerpläng fanne mir net esou richteg e Ventil - bis sech déi wuel bescht Plattform fir Diskussiounen opmécht: modern Konscht. Mir vertrieden all Meenungen, vum Konschthistoriker bis bei een, dee Konscht héchstens aus Pornoe kennt.A mir liwweren, Vollprofien di mer jo awer sinn, scho Cliffhangeren op déi nächst Fold. Vläicht gëtt déi besser wi di hei. Mee warscheinlech net.
May 12
1 hr 10 min

An enger Welt, déi ze vill Tempo huet, suerge mir mat Léift fir Entschleunegung.De Joe weist seng Allüren als Schauspiller, déi hie konsequent duerchgezunn huet.Mir droppen eng wëssenschaftlech Etude iwwer Begrëffer fir de Genoss vun alkoholesche Liewensmëttes. An de Pippo test seng nei Rubrik an hëlt eis bei der Hand, fir den alldeegleche Wahnsinn ze verschaffen.
Apr 28
1 hr 6 min

Léif Fësch, iech erwaart nees eng gutt gemengten, awer schlecht ëmgesate Mëschung aus lokale Kuriositéiten an internationale Geschichten:Wéi eng Uertschaft zu Lëtzebuerg bitt déi beschte Liewensqualitéit – a wéi eng kann een an d'Poubelle trëppelen? Dat suergt bei eis 3 Lokalmatadoren fir hëtzeg Diskussiounen...Donieft geet et ëm eng zimlech absurd Affär: ronn 12 Tonne KitKat, déi op eemol verschwonne sinn. A fir e bëssen méi wäit ze kucken: Mir schwätzen och iwwer d’Artemis-Missioun an d’Fro, firwat d’Mënschheet erëm op de Mound wëll – a firwat eng Tankstell do Sënn maache géif.Eng Episod mat Humor, Fakten an e bësse Chaos. Du weess habib
Apr 13
56 min

Eng Podcastfolg wi e Marathon fir d'Oueren: Et geet motivéiert un, mee et mierkt ee séier, dass et sech an d'Längt zitt. An de Schluss ass richteg haart (Insert Joe Joke here).Mir schwéngen eis wi den Tarzan mat eise rethoresche Lianen duerch den Themen-Dschungel, vun der geopolitescher Weltlag, iwwer Laf-Kontroversen rondrëm de Bobfit, bis bei - jo tatsächlech - e puer faktesch korrekt Fun Facts. Jo, an dëser Folg kann een eppes léieren, sorry dofir.
Mar 23
57 min

An dëser Folg sprange mir mat iech vum Beckerand per Bauchklatscher an dat kaalt Waasser: Fir d'zweete Kéier an der Geschicht vun eisem Podcast hu mir e Gaascht an eis Gruppendusch invitéiert. An et ass een, dee mir säit eisen Ufäng (mir hunn eist Podcast-Séipäerdchen 2019 gemaach) schonn ëmmer wollten dobäi hunn:Riets geet natierlech vum Pool-Philosoph, Welleflüsterer an net ze vergiessen 4-fachen Olympionik fir Lëtzebuerg, de Raphael Stachiotti!Zesumme mat eisem Gaascht huele mir iech mat op eng Rees mat (plazeweis) Déifgang an enger gudder Schlupp Chlor.
Mar 2
1 hr 10 min
Load more
