35M Elevator Pitch Podcast

35M Elevator Pitch

35M Films
We invite filmmakers from Luxembourg and all over the world to discuss their passion and craft of making movies! 
JERRY FRANCK – De Wee bei d'Oscars (Hollywood Series)
HOLLYWOOD SERIES An eiser "Hollywood Serie" ënnerhale mer eis mat Lëtzebuerger aus der Entertainment Industrie, déi et op LA an d'Dramfabrik verschloen huet.De Jerry Franck ass ee vun deene wéinege Lëtzebuerger, déi et bis bei d'Oscars gepackt huet! 2016 war hie bei den Academy Awards mat sengem "Chau Beyond the Lines" fir beschten Dokumentär Kuerzfilm nominéiert. Ugefaang huet beim Jerry awer alles als Steadycam-Operator.De Jerry erzielt eis wéi et war iwwert de rouden Tapis gejot ze ginn; wéi hien seng Léift zu belschem Béier an en erfollegräiche Film verwandelt huet; a wéi et war mam James Franco a Will Ferrell Fänkches ze spillen!Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture
Apr 5, 2024
57 min
ANNE KLEIN – Raus aus der Comfort Zone (Hollywood Series)
HOLLYWOOD SERIES An eiser "Hollywood Serie" ënnerhale mer eis mat Lëtzebuerger aus der Entertainment Industrie, déi et op LA an d'Dramfabrik verschlo huet.D'Standup Comedian & Schauspillerin Anne Klein huet seng siwe Saache gepak an ass op Los Angeles geplënnert fir sengem Dram nozegoen. D'Anne fäert näischt. Obwuel hatt vun sech selwer behaapt schei an onsécher ze sinn, klëmmt hatt Owend fir Owend op d'Bün fir seng Ängscht ze iwwerwannen. Well Standup a Live Improvisatioun, si warscheinlech déi zwou "schlëmmsten" Disziplinnen déi sech eng schei an onsécher Persoun ka raussichen.D'Anne huet déi bewonnerenswäert Fäegkeet, sech ëmmer nees raus aus senger Comfort Zone ze katapultéieren . Wou hatt dee Courage hierhëllt – a wéi schwéier et ass op Lëtzebuergersch witzeg ze sinn – dat verréit eis d'Anne an dësem Gespréich. A mir hu gutt gelaacht... wéi een sech ka virstellen!Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture
Mar 22, 2024
1 hr 15 min
JEFF DESOM – Vergaangenheet an Zukunft (Hollywood Series)
HOLLYWOOD SERIES An eiser "Hollywood Serie" ënnerhale mer eis mat Lëtzebuerger aus der Entertainment Industrie, déi et op LA an d'Dramfabrik verschloen huet.Als Regisseur an VFX (visual effects) Kënschtler, ass de Jeff Desom e reegelrechten Zauberer, mat engem Talent fir Biller, déi engem am Gedächtnis bleiwen. Zënter méi wéi 10 Joer ass LA dem Jeff säin Doheem, wou hie mat groussen Nimm zesummeschafft.De Jeff erzielt wéi alles ugefaangen huet, wéi hien als Teenager mam Vicky Krieps éischt Erfarungen als Schauspiller gesammelt huet; wéi hie mat e puer Kolleegen d'visuell Effekter fir den Oscar-Gewënner "Everything Everywhere All At Once" gebastelt huet; a wéi de Medium Film sech an Zukunft wäert veränneren.Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture
Mar 8, 2024
1 hr 10 min
DAVID GOLDRAKE – D'Spill mat der Illusioun (Hollywood Series)
HOLLYWOOD SERIES An eiser "Hollywood Serie" ënnerhale mer eis mat Lëtzebuerger aus der Entertainment Industrie, déi et op LA an d'Dramfabrik verschloen huet.Eisen éischte Gaascht ënnert dem Hollywood Zeechen ass den Illusionist David Goldrake, en Entertainer par excellence. Mat enormer Selbstdisziplin a Fokus huet hie säi ganzt Liewe kompromësslos senger Konscht verschriwwen.Mir schwätzen iwwert seng Entwécklung als Kënschtler, wéi säin Dram vun enger eegener Show zu Las Vegas sech verwierklecht huet, a wéi seng "Synästhesie" hien zu neien Tricker inspiréiert. Den David scheit net zréck fir och iwwer onconfortabel Themen ze schwätzen, wéi Alteren an Doud – an dat Accident, dat hien déif geprägt huet.Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture
Feb 23, 2024
1 hr 32 min
EILEEN BYRNE – Film ass Emotioun
D'Eileen ass mat vill Leidenschaft op senge Filmsets derbäi, wou hatt och kee Problem huet heiansdo mol Emotiounen ze weisen. Wat anerer als eng Schwächt ugesinn, emfënnt hatt als eng Stäerkt. Et soll een sech net hannert enger Fassad vu Keelt a falscher Häert verstoppen.D'Eileen kennt frësch vum Set vu sengem éischte Feature Film, der Verfilmung vum däitschen Erfolgsroman "Marianengraben". Hatt verréit eis wat hatt an dëser stresseger mee wonnerschéiner Zäit geléiert huet – wat ee Schauspiller op kee Fall soll soen – an wisou trotz Studenten-Oscar ëmmer nach eng Imposter-Stëmm heiansdo dertëschent pëspert.An Däitschland huet d'Eileen eng Beweegung gegrënnt, déi sech fir eng besser Ennerstetzung vu jonke Filmemaacher a couragéierte Produktiounen asetzt. Et wier eng traureg Welt, wann des Filmer net géifen entstoen. Dofir Merci, Eileen!Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture
Feb 2, 2024
1 hr 11 min
MAGALY TEIXEIRA – Nom Applaus
D'Magaly Teixeira ass eng spannend Kënschtlerin mat ville Facetten. Ugefaang huet alles mam Danz. An zwar net den übleche Ballet- oder Hiphop-Unterrecht. Nee, beim Magaly war dat op engem ganz aneren Niveau! Mee och Gesang spillt a sengem Liewen eng wichteg Roll. Wann hatt mat senger Fado-Band optrëtt, fillt hatt sech senge portugisesche Wuerzele ganz no.Och wann een d'Magaly als Energiebündel bezeechne kann, deem seng positiv Ausstralung ustécht, wëll dat net heeschen, dass hatt net och déi schwiereg Phase kennt, wann den Applaus bis verklongen ass. Dann dauchen – grad wéi bei all Kënschtler – och bei him Dämonen op.D'Magaly schwätzt mat vill Passioun iwwert de Beruff vum Schauspiller, mee erzielt grad sou offen iwwert déi negativ Gefiller, Zweifel an Ängscht, déi mat dësem Liewensstil verbonne sinn. En Thema, wat oft Tabu ass.Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture
Jan 12, 2024
1 hr 7 min
AMANDINE KLEE – D'Musikalitéit vun der Kameralëns
Wéi d'Amdandine Klee als Teenager déi éischte Kéier eng Kamera op der Schëller hat, stoung fir hatt seng Beruffung fest. Als Frontfra vun enger Rockband war eigentlech Musik seng éischt Passioun – wat haut e groussen Afloss huet op seng Manéier Biller ze komponéieren.Als eng vu wéinege Kamerafraen an dësem männlech-dominéierte Beruff, huet d'Amandine fréi geléiert sech duerchzebäissen, a setzt sech haut als erfollegräich DP an, Gläichheet an Akzeptanz um Filmset eng Normalitéit ze maachen.An dësem inspiréierende Gespréich potere mer mam Amandine iwwer d'Qualitéiten déi en DP muss matbréngen – wéi een trotz klenge Mëttele grousse Kino maache kann – a wisou et nach ëmmer bäi Wäitem net genuch Fraen hannert der Kamera gëtt.Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture
Dec 29, 2023
1 hr 29 min
FÉLIX KOCH – E Superheld am Regie féieren
De Félix Koch ass deene meeschte Lëtzebuerger als d'Regietalent hannert dem Succès vum "Superjhemp Retörns" bekannt. Säi Kachkéis-gedriwwene Superhelden Epos huet 2018 fir vill gutt Stëmmung an de Lëtzebuerger Kino's Säll gesuergt.Als Regieassistent vum Michael "Bully" Herbig ugefaangen, ass de Félix zënter 2007 an der Film & TV Branche aktiv. Nom Superjhemp, huet hie Regie fir d'ARD Serie "Großstadtrevier", an d'RTL Actionfilmer "Balko-Teneriffa" gefouert. Hie weess also wéi dat leeft, wann op engem Filmset geballert gëtt!Wéi een effizient schafft, seng Visioun trotz Stress an Zäitdrock duerchsetzt – a wat ee mécht wann den Haaptschauspiller sech e Messer duerch d'Hand stécht  – dat verréit eis de Félix eis an dëser Episod!Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture
Dec 16, 2023
1 hr 4 min
TOMMY SCHLESSER – E Liewe fir d'Schauspillerei
Et ginn net all ze vill Leit zu Lëtzebuerg déi nach näischt vum Tommy Schlesser héieren hunn. Zënter sengem Debut als professionelle Schauspiller an der Sitcom "Comeback" (2012) huet säi Wee hien an international Produktioune queesch duerch d'Welt gefouert.Mee wéi huet alles beim Tommy ugefaang? Als Kand huet hie schonn mat sengem Brudder (eisen Host, Émile V. Schlesser) éischt Filmer gemaach. Déi si schliisslech ëmmer méi grouss an éiergäizeg ginn, bis de Wonsch säi Liewen dëser Passioun ze widmen, net méi ze ennerdrécke war.Den Tommy erzielt eis wéi schwéier et heiansdo ass als Schauspiller d'Familljeliewen an de Beruff ënnert een Hutt ze bréngen; wéi hie virun engem Dréi zum "Rodeo-Stéier" gëtt; a wat mengt den Tommy eigentlech, wann hie seet hie wier "am Tunnel"?Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture
Dec 2, 2023
1 hr 5 min
TIMO WAGNER – De Kierper als wichtegst Instrument
(SPOILER!) Ugefaangen huet alles mam Sport. De Schauspiller Timo Wagner hat eigentlech schonn de Wee vum Leeschtungssport ageschloe, wéi et hien et op d'Bün a virun d'Kamera gezunn huet. Wéi sech rausstellt hunn déi zwou Welten awer vill méi gemeinsam wéi ee mengt.Zur Zäit ass den Timo um groussen Ecran am spektakuläre "Läif a Séil" ze bewonneren. Eng mysteriéis Roll, déi hie bis an de klengsten Detail virbereet huet. Wéi enge kierperleche Strapazen huet hie sech fräiwëlleg ausgesat fir dës Roll? A wat ass en absolutten No-Go an der Kommunikatioun mam Regisseur?Dat, a villes méi, verréit eis den Timo Wagner an dësem intime Gespréich.Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture
Nov 18, 2023
1 hr 4 min
Load more