Show notes
De Black Star Miersch ass ee vun den eelste Basketveräiner aus dem Land. Dëst Joer gëtt de Club 90 Joer al. Datt et an där Zäit op an of goung, ass normal. Den Héichpunkt hate si an den 1960er Joren, wéi si 2x Champion goufen. An der Lescht sinn si tëschent der National 2 an der héchster Divisioun hin an hier gependelt, konnte sech ni méi wéi 1 Joer uewen halen.
Zanter 2015 sinn si nëmme méi zweetklasseg gewiescht.
Mee dat kënnt sech elo ännere, Guy Seyler:

