Show notes
1. De Poopst François gouf begruewen. Ronn 400.000 Leit wieren de Moie bei der Trauerfeier zu Roum dobäi gewiescht, esou de Vatikan. Eng Feier, déi och zu engem politeschen Héichpunkt gouf: notamment wéinst dem Treffe vum Donald Trump a vum Wolodymyr Zelenskyj2. D‘Verhandlungen tëschent den USA an dem Iran iwwer den iraneschen Atomprogram ginn an eng weider Ronn3. Bei enger Explosioun an engem Hafen am Süde vum Iran wieren op d‘mannst 4 Persoune gestuerwen - Honnerte goufe schwéier blesséiert

