Show notes
1. Zu Istanbul gouf et d‘lescht Nuecht eng ganz Serie vun Nobiewen, dat kräftegst hat eng Stäerkt vu 4,6. Vill Leit hunn aus Angscht d‘Nuecht op der Strooss verbruecht2. De Sträit tëschent der Stater Gemeng an dem Zentrum fir urban Gerechtegkeet, kuerz ZUG, ass de Moien um Verwaltungsgeriicht an déi zweet Ronn gaangen3. Zu Déifferdeng goufen der Police gëschter Owend Schëss virun engem Lokal an der rue Emile Mark gemellt4. D'Generalinspektioun vun der Police IGP huet d'lescht Joer 326 nei Dossiere géint Policebeamten opgemaach5. D'Biergerinitiativ Pro Referendum Bettenduerf wäert sech net méi dofir asetzen, datt d’Gemeng Bettenduerf u Fusiounsgespréicher fir d’Nordstad deelhëlt

