Show notes
1. D’Begriefnis vum verstuerwene Poopst François ass e Samsden de Moien zu Roum. Muar de Moie gëtt d’Doudelued vum Chef vun der kathoulescher Kierch ewell an de Péitersdoum bruecht.2. Dass de Kardinol Jean-Claude Hollerich ënnert de Favorite fir d’Successioun vum Poopst François ass, fënnt de Weibëschof Leo Wagener aussergewéinlech. Am Panorama gëtt et donieft Reaktiounen aus Frankräich op den Doud vum Pontifex maximus.3. Situatioune wéi bei Liberty Steel zu Diddeléng solle sech dem Aarbechtsminister no net méi widderhuelen. De Moien hu Salariéen vum Stolwierk virum Ministère manifestéiert, well si keng Pai kréien.

