Show notes
Déi lescht Woch war Zäit, en éischten Tëschebilan vun der drëtter industrieller Revolutioun ze zéien, déi d'lescht Joer mat der Presentatioun vun der Rifkin-Etude lancéiert gi war. Nohalteg a sozial gerecht, sou beschreiwen d'Acteuren d'Visioun vun der wirtschaftlecher Zukunft. Nohalteg heescht, iwwert eng Neiorganisatioun vun der Energieversuergung nozedenken. Sozial gerecht heescht, datt jidderee vum Räichtum soll profitéieren. Déi drëtt industriell Revolutioun, keen einfache Prozess, mat deem sech haut och d'Deputéiert an der Chamber wäerte beschäftegen.

